Gare Kruuchten

Vu Wikipedia
Gare Kruuchten
Streck 1
PK 40,330
Quaien 2
Gleiser 2
Uertschaft Kruuchten
Gemeng Noumer
Kanton Miersch
Koordinaten 49° 47’ 47’’ N
      6° 07’ 12’’ O
Websäit CFL.lu
Déi al Gare vu Kruuchten

D'Gare vu Kruuchten ass eng Gare op der CFL-Streck 1, der sougenannter Nordstreck, tëscht der Gare Miersch an der Gare Colmer-Bierg vun der Lëtzebuerger Eisebunn.

D'Nordstreck féiert vu Lëtzebuerg bis op Ëlwen an da weider an d'Belsch, wou se vu Gouvy un, Kontakt mat der belscher Linn 42 (Rivage-Gouvy) huet. Eng Antenn geet vun Ettelbréck op Dikrech an eng weider Antenn zweigt zu Kautebaach of a féiert bis op Wolz.

D'Gare läit um Lieu-dit Kruuchten-Gare, um lénksen Uwänner vun der Uelzecht, an d'Duerf Kruuchten um rietsen. Et gëtt eng Bréck iwwer d'Uelzecht déi d'Gare mam Duerf verbënnt.

D'Gare vu Kruuchten huet e gratis Park & Rail-Parking a speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.

Vum 15. Februar 1882 bis den 2. Mee 1948 war déi Kruuchtener Gare eng Kappgare op der Janglisstreck Kruuchten-Fiels.

Zich déi an der Gare halen[änneren | Quelltext änneren]

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Miersch   RB
CFL-Linn 10 
  Colmer-Bierg Dikrech

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gare Kruuchten – Biller, Videoen oder Audiodateien