Gare Lëtzebuerg
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
| CFL-Linn(en) | 10, 30, 50, 60, 70 | ||||
| P.K. | 0 | ||||
| Quaien | 9 | ||||
| Gleiser | 10 | ||||
| Uertschaft | Lëtzebuerg | ||||
| Gemeng | Lëtzebuerg | ||||
| Kanton | Lëtzebuerg | ||||
| Park & Rail-Parking | Jo | ||||
| Parkplaze fir Leit mat r. Mobilitéit | Jo | ||||
| Koordinaten | 49° 35' 56" N 6° 7' 58" O |
||||
| Websäit | CFL.lu | ||||
D'Gare vu Lëtzebuerg ass eent vun den imposantste Gebaier vun der Stad Lëtzebuerg an déi gréisst Gare vu Lëtzebuerg.
Inhaltsverzeechnes |
D'Gebai [änneren]
No der Gare ass och e Quartier genannt, de Garer Quartier. Eng Foussgängerbréck iwwert d'Schinnen niewent der Gare verbënnt de Garer Quartier direkt mat Bouneweg.
Baugeschicht [änneren]
D'Gare gëtt et op där Plaz zënter 1859. De Grondsteen duerfir gouf den 30. Oktober 1858 geluecht[1] an no manner wéi engem Joer, de 4. Oktober 1859, gouf se ageweit.[2] D'Wiel vun der Plaz gouf vun der preisescher Militärverwaltung beaflosst. De Gouverneur vun der Festung war dergéint datt d'Befestegungsmaueren sollten opgebrach gi fir Eisebunnsgleiser an d'Festung eran ze leeën. Dofir gouf d'Gare op (deemolegem) Hollerecher Territoire gebaut. D'Gebai huet och missen aus Holz gebaut ginn, fir am Fall vun enger Belagerung kënnen ofgebrannt ze ginn, fir datt keng feindlech Truppen sech dra kéinte verstoppen.
Bis zum Franséisch-Preisesche Krich vun 1870-1871 huet d'Gebai (an d'Eisebunn) der Compagnie de l'Est gehéiert. Dono ass d'Gestioun un d'Elsass-Lothringische Reichsbahngesellschaft iwwergaang.
Dat haitegt Gebai gouf tëscht 1907 an 1913 am neobarocke Stil, "Miseler Barock" genannt, gebaut. D'Pläng ware vum däitschen Architekt Alexander Rüdell. Si goufe vum Baurat Karl Jüsgen ausgefouert.
Vis-à-vis vun der Entrée ass eng grouss Fënster aus faarwegem Glas, op där eng stiliséiert Panoramavue vun der Alstad, mam Tuerm vun der Spuerkeess an der Neier Bréck, ze gesinn ass.[3]
Op der Säit vun der Gare ass e Pavillon, dee mat dem Haaptgebai duerch eng Arkade verbonnen ass, an deen als groussherzoglech Salle d'attente benotzt gouf. Haut ass e Bistro an deem Pavillon.
1936-1938 goufen éischt Moderniséierungsaarbechten ausgeféiert.
1944 war d'Gebai d'Zil vun dräi Bombardementer vun alliéierte Fligerstaffele bei deenen 128 Mënschen ëm d'Liewe komm sinn. Um zentrale Gebai war nëmme klenge Schued entstanen, d'Atelieren op där anerer Säit waren awer komplett zerstéiert ginn.
1963 ass d'Agangshal bei Geleeënheet vum Millénaire vun der Stad nei amenagéiert ginn.
An den Joren 1974 - 1978 ginn, nodeems d'Postguicheten eraus geplënnert sinn, di fräi Fläche fir aner Zwecker benotzt (z. B. Empfang fir Expressfracht a Gepäckconsigne). De Verkaf vun Ticketen ass an de Säitegank verluecht ginn. Di éischt Geschäfter hu sech an der Agangshal etabléiert.
1990/91 goufen d'Guichete fir den Ticketsverkaf duerch méi e moderne Verkafszentrum ersat.
D'Molereien um Plafong goufen, am Kader vu Renovéierungsaarbechten am Joer 1995, vum Armand Strainchamps entworf.
Vun 2006 - 2012 goufe verschidde Renovéierungsaarbechten ausgefouert fir der Steigerung vum Eisebunnsverkéier nozekommen.
Den 21. September 2012 gouf, zum 100. Anniversaire vun der Gare, de gliesen Hall des voyageurs, südlech vum Zentralgebai, vum Groussherzog Henri ageweit.[4]
Gleisanlagen [änneren]
D'Stater Gare huet 9 Gleiser déi fir de Persounentrafic accessibel sinn. D'Gleiser 1 an 2, déi den Terminus vun der Klengbettener Streck sinn, gi well se duerno weider an d'Belsch féieren, grad esou wéi Streck Sterpenech-Namur mat Gläichstroum vun 3 kV alimenteiert, . D'Gleiser 5 bis 10 an den Triage si mat 25 kV Wiesselstroum elektrifizéiert, grad ewéi de Rescht vun de lëtzebuergesche Strecken. D'Gleiser 3 a 4 kënnen tëscht 3 kV an 25 kV ëmgeschalt ginn, wat virun allem fir den EuroCitybetrib wichteg ass. Dat fréiert Gleis 6, iwwer dat fréier Gidderzich duerch d'Gare gefuer sinn, gouf am Kader vun de Renovatiounsaarbechte liquidéiert.
Zuchlinnen [änneren]
National [änneren]
| Regionalzuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
|---|---|---|---|---|
| RB CFL-Linn 10 |
Dummeldeng | Ettelbréck / Wolz | ||
| IR CFL-Linn 10 |
Gare Miersch | Ëlwen / Gouvy / Dikrech | ||
| RB CFL-Linn 30 |
Zens-Hamm | Waasserbëlleg | ||
| RB CFL-Linn 50 |
Bartreng-Stroossen | Klengbetten | ||
| RB CFL-Linn 60 |
Bierchem | Rodange / Attem | ||
| RE CFL-Linn 60 An der Woch |
Beetebuerg | Rëmeleng | ||
| RE CFL-Linn 60 An der Woch |
Beetebuerg | Wuelmereng | ||
| RE CFL-Linn 60 An der Woch |
Beetebuerg | Däitsch-Oth | ||
| RB CFL-Linn 70 |
Hollerech | Rodange | ||
International Verbindungen [änneren]
| Aus Richtung | Halt virdrun | International | Nächst Halt | A Richtung | ||
|---|---|---|---|---|---|---|
| Bréissel-Midi | Arel | IC J | Terminus | Terminus | ||
| Liers / Léck | Miersch | IR m | Terminus | Terminus | ||
| Bréissel-Midi | Arel | EC Vauban | Diddenuewen | Chur | ||
| Bréissel-Midi | Arel | EC Iris | Diddenuewen | Zürich | ||
| Bréissel-Midi | Arel | EC Jean Monnet | Diddenuewen | Basel | ||
| Terminus | Terminus | TER | Beetebuerg | Nanzeg | ||
| Terminus | Terminus | TER | Hollerech | Lonkech / Longuyon | ||
| Terminus | Terminus | TER | Diddenuewen | Basel | ||
| Terminus | Terminus | TGV | Diddenuewen | Paräis | ||
| Terminus | Terminus | Lunéa Um Weekend an am Summer |
Diddenuewen | Nice | ||
| Terminus | Terminus | Lunéa Um Weekend an am Summer |
Diddenuewen | Portbou / Cerbère | ||
| Terminus | Terminus | RE |
Waasserbëlleg | Tréier | ||
| Terminus | Terminus | IC | Waasserbëlleg | Koblenz / Norddeich / Emden | ||
Chef de Garen [änneren]
- Jean-Philippe Eberhardt (1859-1860)
- Franz-Max Dupont (1860-1871)
- Pierre Palgen (1871-1875)
- Joseph Junck (1875-1911)
- Mathias Joseph Gehlen (1912-1920)
- Pierre Watry (1921-1932)
- Jules Emile Thiry (1932)
- Nicolas Wagener (1933)
- Paul Wilwers (1933-1939)
- Henri Palgen (1939-1940)
Literatur [änneren]
- CFL, 2012. 100 Joer Gare Lëtzebuerg. 1912-2012: Eine einzigartige Zeitreise. Éditions Guy Binsfeld, 324 S. ISBN 978-2-87954-256-0
- Lobo, Paulo, 2011. 12 Bemerkenswerte Gebäude in Luxemburg: 5. Der Hauptbahnhof Luxemburg. S. 50-59, Luxédit, ISBN 978-99959-733-0-8
- Jüsgen, 1924. Deutsche Eisenbahnhochbauten in Luxemburg. In: Zentralblatt der Bauverwaltung Nr 29 vum 16. Juli 1924, Verlag: Guido Hackebeil Akt.-Ges, Berlin, Ss. 241-244. (Link op d'pdf-Dokument)
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Gare Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Praktesch Informatiounen iwwer d'Gare Stad Lëtzebuerg op der CFL-Websäit (fr)
- Baugeschicht vun der Gare vu Lëtzebuerg(de)
- D'Gare Stad Lëtzebuerg op der Websäit "rail.lu"
- Luxemburg Station op der Websäit Spoorgroep Luxemburg
- D'Gare vu Lëtzebuerg op der Websäit vum Service des sites et monuments nationaux (fr)
Referenzen [änneren]
- ↑ Artikel Die Grundsteinlegung am Luxemburger Wort Nr 101 vum 4. November 1858, S.1 (Link)
- ↑ Artikel Die Inauguration unserer Eisenbahnen am Luxemburger Wort Nr 80 vum 6. Oktober 1859, S. 1 (Link)
- ↑ Service des Sites et monuments nationaux: Luxembourg: Gare
- ↑ "CFL: Neien "Hall des Voyageurs" um Freideg ageweit." RTL.lu - 21.09.2012, 07:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.09.2012, 18:56.
|
|||
|
Lëtzebuerg - Dummeldeng - Walfer - Heeschdref - Luerenzweiler - Lëntgen - Miersch - Kruuchten - Kolmer-Bierg - Schieren - Ettelbréck - Méchela - Giewelsmillen - Kautebaach - Wëlwerwolz - Draufelt - Klierf - Maulesmillen - Ëlwen |
|
|||
|
Lëtzebuerg - Zens-Hamm - Sandweiler-Konter - Éiter - Mënsbech - Rued - Betzder - Wecker - Manternach - Mäertert - Waasserbëlleg |
|
|||
|
Lëtzebuerg - Bartreng-Stroossen - Mamer Lycée - Mamer - Kapellen - Klengbetten |
|
|||
|
Lëtzebuerg - Beetebuerg: Lëtzebuerg - Bierchem - Beetebuerg |
|
|||
|
Péiteng - Nidderkäerjeng-Suessem - Schuller - Dippech-Reckeng - Leideleng - Hollerech - Lëtzebuerg |