Gare Lamorteau

Vu Wikipedia
D'Gare vu Lamorteau (2010)

D'Gare vu Lamorteau war eng Gare op der fréierer belscher Eisebunnsstreck Marbehan-Virton-Écouviez zu Lamorteau an der Gemeng Rouvroy, Provënz Lëtzebuerg.

Als Grenzgare hat se eng zimmlech Importenz, a war als Rangéiergare 3. Klass mat Douanesbüroen ageriicht.

D'Gebai vun der Gare besteet haut nach, an als Versammlungsgebai fir Festivitéiten ageriicht, mat engem Sall vu 7 op 25 Meter. Um Terrain ronderëm d'Gare kann een nach Gréisst vun de fréieren Anlage feststellen. Iwwer déi fréier Streck féiert haut ee RAVel.

D'Gare war a Betrib vun 1873 bis 1985.