Gare Leideleng

Vu Wikipedia
Gare Leideleng
Streck 7
PK 14,298
Quaien 2
Gleiser 2
Uertschaft Leidelenger Gare
Gemeng Leideleng
Kanton Esch-Uelzecht
Koordinaten 49° 35’ 14’’ N
      6° 3’ 33’’ O
Websäit CFL.lu
Aalt Voyageurs-Gebai vun der Leidelenger Gare

D'Gare vu Leideleng ass eng Gare op der CFL-Linn 7 tëscht der Gare Hollerech an der Gare Dippech-Recken vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit um Lieu-dit Leidelenger Gare, an der Gemeng Leideleng.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Linn 7 féiert vu Lëtzebuerg bis op Péiteng vu wou et op der Linn 6 weider geet bis op Rodange a weider op d'belsch Grenz. Vu Rodange aus gëtt et Verbindungen op Attem, Virton a Lonkech..

De 16. Juli 2008 gouf déi nei Ënnerféierung vum CR163 ënnert der Eisebunnslinn duerch e 84 Meter laangen Tunnel a Betrib geholl a gläichzäiteg d'Barriär PN. 6 ofgeschaaft.

D'Gare zu Leideleng huet e gratis Park & Rail-Parking mat 69 Parkplazen a speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.

Den 13. Juni 2022 gouf virgeschloen, d'Voyageurs-Gebai als national Kulturierfschaft ze klasséieren.[1]

Zich déi an der Gare halen[änneren | Quelltext änneren]

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Hollerech   RB
CFL-Linn 70 
  Dippech-Recken Attem

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gare Leideleng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).