Gare Mamer-Lycée

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Gare Mamer Lycée)
Gare Mamer-Lycée
Streck 5
PK 8,680
Quaien 2
Gleiser 2
Uertschaft Mamer
Gemeng Mamer
Kanton Capellen
Koordinaten 49° 37’ 06’’ N
      6° 01’ 47’’ O
Websäit CFL.lu

D'Gare Mamer-Lycée ass eng Gare op der CFL-Linn 5 tëscht de Gare Bartreng Stroossen a Mamer vun der Lëtzebuerger Eisebunn.

D'Linn 5 féiert vu Lëtzebuerg bis op Klengbetten a weider op d'belsch Grenz, wou se iwwer d'Infrabel-Linn 162 Uschloss un dat belscht Netz a Richtung Arel huet.

D'Gare Mamer-Lycée ass haaptsächlech geduecht fir d'Schüler vum Campus Tossebierg, d. h. vum Lycée Josy-Barthel a vun der Europaschoul II.

Se huet en ënnerierdesche Passage fir op de Quai vis-à-vis ze kommen an op all Säit e Lift fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Op all Quai si Leetlinnen ugeluecht fir Leit, déi net gutt gesinn.

Och wann d'Streck ënner 3000 Volt elektrifizéiert ass, goufen an der Gare Poteauen opgestallt déi och mat 25.000 Volt kënne funktionéieren.

Well et eng Lycées-Gare ass gëtt se, zanter Dezember 2010, nëmmen ënner der Woch vu 7 Auer moies bis 5 Auer mëttes ugefuer.

Zich déi an der Gare halen[änneren | Quelltext änneren]

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Bartreng-Stroossen   RB
CFL-Linn 50 
  Mamer Klengbetten
oder Arel
Ee vun den zwéi Lifte mat de Leitlinnen

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gare Mamer-Lycée – Biller, Videoen oder Audiodateien