Gare Miersch

Vu Wikipedia
Gare Miersch
Streck 1
PK 34,735
Quaien 3
Gleiser 4
Uertschaft Miersch
Gemeng Miersch
Kanton Miersch
Koordinaten 49° 45’ 06.5’’ N
      6° 06’ 38’’ O
Websäit CFL.lu
Gare vu Miersch

D'Gare vu Miersch ass eng Gare op der CFL-Streck 1, der sougenannter Nordstreck, tëscht der Gare Lëntgen an der Gare Kruuchten vun der Lëtzebuerger Eisebunn.

D'Nordstreck féiert vu Lëtzebuerg bis op Ëlwen an da weider an d'Belsch, wou se vu Gouvy un, Kontakt mat der belscher Linn 42 (Rivage-Gouvy) huet. Eng Antenn geet vun Ettelbréck op Dikrech an eng weider Antenn zweigt zu Kautebaach of a féiert bis op Wolz.

Den 11. September 2020 goufen d'Gebai vun der Gare, d'Stellwierk an den Tuerm vum Pëtz mat hirem Ëmgeréits als national Monumenter klasséiert.[1]

Infrastruktur[änneren | Quelltext änneren]

D'Gare vu Miersch gouf am Zäitraum vun 2021 bis September 2023 komplett moderniséiert an huet säitdeem iwwer 3 komplett iwwerdaacht Quaie mat enger Längt vun 250 m respektiv 270 m. D'Gare ass mat Lifter, Buedemleetsystemer a Gelännere mat agravéierter Brailleschrëft fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit zougänglech.[2]

Um Site vum fréieren Agrocenter ass e Park and Ride mat 405 iwwerdaachte Parkplazen, déi fir e ganzen Dag gratis sinn, wann de Botzer sech iwwert déi entspriechend App ugemellt huet a mam ëffentlechen Transport eng Distanz vun iwwert 1 km zeréckgeluecht huet[3]. Zousätzlech bitt d'Gare eng Bikebox mat enger Capacitéit vun 116 Ofstellplazen fir Vëloen un.[2]

D'Haaptgebai gëtt aktuell renovéiert a mat engem Cactus Shoppi ekipéiert.

Zich déi an der Gare halen (Stand 2023)[änneren | Quelltext änneren]

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung Fuerplang Rullmaterial
Lëtzebuerg Lëntgen   RB
CFL-Linn 10 
  Kruuchten Dikrech Hallefstonnentakt, Sonndes deelweis Stonnentakt
Péiteng Dummeldeng   RE
CFL-Linn 10 
  Terminus Miersch Stonnentakt Méindes bis Samschdes
Rodange Walfer   RE
CFL-Linn 10
  Ettelbréck Ëlwen Stonnentakt Méindes bis Samschdes, verkéiert Samschdes nëmmen tëscht Lëtzebuerg an Ëlwen
Lëtzebuerg Pafendall-Kierchbierg   IC
SNCB IC 33
  Ettelbréck Liège-Guillemins / Liers Stonnentakt Méindes bis Freides, 2-Stonnentakt um Samschdeg an Sonndeg
Lëtzebuerg Pafendall-Kierchbierg   RE
CFL-Linn 10
  Ettelbréck Ëlwen 2-Stonnentakt um Samschdeg an Sonndeg, ergëtt mam IC en Stonnentakt

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gare Miersch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. 2,0 2,1 Der CFL-Bahnhof in Mersch im neuen Kleid
  3. Willkommen im neuen P+R der CFL in Mersch!