Gare Montparnasse
| Gare Montparnasse | ||
|---|---|---|
| Erëffnung: | 10. September 1840 | |
| Arrondissement: | 14. & 15. | |
| Passagéier all Joer: | 50 Milliounen | |
| Catenaire: | 1500 V | |
| Destinatiounen: | Süd-West-Frankräich, Bretagne | |
D'Gare Montparnasse zu Paräis ass eng vun de siwen Haaptgarë vun der franséischer Haaptstad. Si gouf den 10. September 1840 als Gare de l'Ouest ageweit a war zanterhier den Ausgangspunkt vun Zich a Richtung Bretagne a fir laanscht d'atlantesch Küst.
Geschicht[änneren]
D'Gare de Montparnasse gouf um lénksen Uwänner vun der Seine gebaut fir all d'Zich aus der Bretagne an aus der Aquitaine. Si huet zënter der Ufankszäit als Alternativ fir d'Gare d'Austerlitz gedéngt. Haut ass se den Ausgankspunkt vum TGV Atlantique.
Déi éischt Gare, deemools Gare de l'Ouest - Rive gauche genannt, goung 1840 a Betrib a stoung op där Plaz wou elo den Tour Montparnasse steet.
Schonn 1852 gouf eng nei, vill méi grouss Gare op derselwechter Plaz gebaut. Déi al Gare huet dee staarken Trafic net méi gepackt.
Dat bekanntenst Evenement an der Gare Montparnasse war d'Zuchaccident vum 22. Oktober 1895. Eng Damplokomotiv mat futtisse Bremsen huet di hënnescht Mauer vun der Kappgare duerchschloen an ass laanscht enger 10 Meter héijer Mauer hänke bliwwen.
An den 1930-er Joren gouf d'Gare nach eng Kéier vergréissert duerch en Ubau, genannt Gare du Maine, fir d'Zich vun de grandes lignes.
Aktuell Gare[änneren]
An den 1960-er Joren gouf déi aktuell Gare ronn 400 Meter méi wäit zréck gebaut an um Terrain vun der aler Gare ass e Bureaus- a Geschäftszenter entstan, mat dem 209 Meter héijen Tour Montparnasse.
1990 gëtt Gare nach eng Kéier ëmgebaut duerch d'Aféierung vum TGV Atlantique.
An der Gare ginn et 28 Gleiser mat Quai.
Mat den TGVen an der LGV Sud-Ouest si vill Zich vun der Gare d'Austerlitz an d'Gare Montparnasse geplënnert. Montparnasse ass haut di eenzeg Gare vun där TGVen an de Süd-Weste vu Frankräich fortfueren. Am Géigenzuch, fueren haut keng Lunéa méi vun Montparnasse fort.
Destinatiounen[änneren]
Gare d'Austerlitz - Gare de Bercy - Gare de l'Est - Gare de Lyon - Gare Montparnasse - Gare du Nord - Gare Saint-Lazare