Gare Namur

Vu Wikipedia
D'Gare vun Namur

D'Gare vun Namur ass déi gréisst Gare a Wallounien wat Passagéierzuel ugeet (méi wéi 100.000 den Dag). Den éischten Zuch an der Gare ass den 23. Oktober 1843 gefuer. Am Joer 2002 gouf se komplett renovéiert.

Si ass eng grouss Eisebunnskräizung. Et komme follgend Linnen zesummen: 125, 130, 154, 161 an 162. Fréier ass d'Linn 142 och bis op Namur komm.

D'Gare vun Namur gouf mat groussem Opwand restauréiert an den Ëmstänn vum moderne Persounentransport ugepasst. Déi ëmgebaute Gare gouf den 19. September 2002 offiziell dem Verkéier iwwerginn, a si ass eng vun deene modernsten um belschen Eisebunnsnetz, mat alle Facilitéite fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.

Déi nei Gare huet eelef Gleiser. Si si vun 1 bis 11 numeréiert wann een d'Gebai vun der Gare am Réck huet.

Op de Gleiser 1 an 2 fueren nëmme Marchandisenzich (Verbindung Athus-Meuse iwwer d'Linn 154). Déi Gleiser sinn och speziell akustesch isoléiert.

Fir datt d'Persounenzich sech net méi mat Marchandisenzich musse kräizen, gouf fir d'Linn 125 en neien Tunnel gebaut deen ënner der Linn 162 erduerch féiert. Den Tunnel gouf de 26. Februar 2007 ageweit.

Vue op de Quai zu Namur

Zich an der Gare zu Namur[änneren | Quelltext änneren]

  • International
    • Thalys: Liège-Guillemins - Namur - Paris-Nord
    • InterCity D: Lille - Namur - Liège-Guillemins - Herstal
    • InterCity J: Bréissel - Namur - Lëtzebuerg
    • InterCity M: Bréissel - Namur - Liers | Dinant
    • InterRegio n: Essen - Antwerpen - Bruxelles - Charleroi - Namur - Jambes
  • Regional
    • Namur - Ottignies - Wavre
    • Namur - Ottignies - Louvain-la Neuve
    • Namur - Ciney
    • Liège-Guillemins - Namur - Tamines

Eng Autobusgare an ee gedeckte Parking sinn direkt donieft.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gare Namur – Biller, Videoen oder Audiodateien