Gare Paradiso

Vu Wikipedia
Gare Paradiso
Streck 1b
PK 7,100
Quaien 1
Gleiser 1
Uertschaft Tutschemillen
Gemeng Wolz
Kanton Wolz
Koordinaten 49° 57’ 55’’ N
      5° 57’ 12’’ O
Websäit CFL.lu

D'Gare Paradiso ass eng Halt op der Antenn Kautebaach-Wolz vun der CFL-Linn 1, der sougenannter Nordstreck vun der Lëtzebuerger Eisebunn, tëscht der Gare Mäerkels an der Gare Wolz.

D'Nordstreck féiert vu Lëtzebuerg bis op Ëlwen an da weider an d'Belsch, wou se vu Gouvy un, Kontakt mat der belscher Linn 42 (Rivage-Gouvy) huet. Eng weider Antenn zweigt vun der Gare Ettelbréck of a féiert bis op Dikrech.

D'Gare Paradiso ass eng "Halte sur demande", dat heescht, et muss een dem Chef de train Bescheed soe fir erausklammen ze kënnen, oder um Quai stoen a wénken, fir matgeholl ze ginn.

D'Halt ass eigentlech ugeluecht gi fir de Scoutshome ze bedéngen, deen am fréiere Gardshaischen ass, an deen dem Arrêt säin Numm ginn huet. E weidere Scoutschalet, d'Tutschemillen, läit 200 m a Richtung Wolz, an eng ronn 500 weider an Direktioun Wegdichen d'Campingplaz vun de Wëlzer Scouten.

Zich déi an der Gare halen[änneren | Quelltext änneren]

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Mäerkels   RB
CFL-Linn 10 
  Wolz Wolz

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]