Gare Tréier
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Gare Tréier ass eng Gare um Territoire vun der Stad Tréier.
Si ass 1878 opgaang a louch un der deemools sougenannter Kanonenbahn, déi vu Berlin iwwert Tréier a Perl op Metz goung.
Si läit un den Deutsche Bahn Strecke Köln-Tréier, Koblenz-Tréier, Saarbrécken-Tréier, Perl-Tréier a Lëtzebuerg-Tréier.
Infrastruktur [änneren]
2005 gouf d'Gare vu Grond op moderniséiert fir dem Standard vun ICE Garen ze entspriechen.[1]
- D'Quaie goufe mat Placken equipéiert, déi blanne Leit hëllefe sech ze orientéieren an verhënnere sollen, datt se op d'Schinne falen.
- Am Gebai selwer huet sech e Restaurationsbetrib installéiert an den Zeitungsbuttek gouf vergréissert.
- Et goufen nei Liften installéiert, déi direkt um Quai erauskommen.
- An de leschte Joer ass och un eng Opwäertung vum Quartier ëm d'Gare geschafft ginn.
Zich, déi an der Gare halen [änneren]
| Aus Richtung | Halt virdrun | Tréier | Nächst Halt | A Richtung | ||
|---|---|---|---|---|---|---|
| Terminus | Terminus | ICE | Wittlich | Berlin | ||
| Lëtzebuerg | Waasserbëlleg | IC Linn 35 | Wittlich | Emden / Norddeich | ||
| Koblenz | Wittlich | Mosel-Saar-Express | Saarlouis | Saarbrécken | ||
| Terminus | Terminus | Mosel-Pfalz-Express | Saarlouis | Mannheim | ||
| Terminus | Terminus | Saartal-Express | Merzig | Saarbrécken | ||
| Köln | Bitburg | Eifel-Mosel-Express | Terminus | Terminus | ||
| Lëtzebuerg | Tréier-Süd | DeLux-Express | Tréier-Ehrang vereenzelt | Schweich (D) vereenzelt | ||
| Terminus | Terminus | Saartal-Bahn | Konz | Homburg | ||
| Terminus | Terminus | Moseltal-Bahn | Cochem | Koblenz | ||
| Wittlich | Wittlich | Elbling-Express | Konz | Perl | ||
| Gerolstein | Bitburg | Eifel-Bahn | Terminus | Terminus | ||