Gare Verviers-Ouest

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Gare Verviers-Ouest war eng Gare zu Verviers op de Linnen 38A a 37. Et war eng Kappgare, déi haaptsächlech gebaut gi war fir de Wuerentransport vun de villen Textilfabrikanten zu Verviers ze garantéieren.

Beim Ausschaffe vun de Pläng war den Numm Gare Léopold gebraucht ginn. Et war laang iwwer d'Plaz vun der Gare diskutéiert ginn, bis den 18. Mäerz 1840 den definitiven Tracé approuvéiert gouf. Do gouf festgehalen datt d'Gare um Lieu-dit Gérard-Champs fesgehalen. Fir keen ze groussen Niveausënnerscheed mat der Linn 37 ze kréien, gouf e Rampli vun e puer Hektar opgetippt. D'Konstruktioun vum Gebai gouf de 26. Abrëll 1843 dem Entrepener Moreau vu Léck fir 150.000 Frang zougeschloen. D'offiziell Ouverture fir de Verkéier war den 18. August 1843. Wéi dunn am Oktober 1843 d'Streck en Uschloss un dat preisescht Eisebunnsnetz krut gouf et eng international Gare.

Well et eng Kappgare war, gouf et véier Dréischeiwe fir d'Lokomotiven ze dréinen. Dat éischt Joer goufe schonn iwwer 20.000 Passagéier gefouert. Am Éischte Weltkrich gouf praktesch kee Persounentransport méi vu Verviers-Ouest aus gemaach, an d'Gare Verviers-Est huet déi Charge bis den 20. August 1920 iwwerholl. Op deem Dag gouf d'Gare Verviers-Matadi opgemaach déi spéider Verviers-Central sollt ginn.

Dat eenzegt Gebai, dat haut nach besteet ass de fréieren Entrepot vun der Douane, deen opgeriicht gouf fir d'Douanesformalitéite vum Wuerentransport z'erleedegen. Obschonn d'Plaz fir e Wuereschapp vun Ufank u virgesi war, war bis 1858 nach näischt gebaut. D'Expediteuren hunn dunn zesummegeluecht fir e provisoreschen Hangar aus Holz opzeriichten. 1869 gouf iwwer e stengent Gebai discutéiert, awer de Krich vun 1871 huet du verhënnert datt direkt eppes gebaut gouf. Eréischt 1891 gouf de Projet vun engem Gebai mat engem Stack a mat Kelleren approuvéiert. Den 9. Mee 1892 huet d'Stad Verviers dem Staat d'Pläng virgeluecht, mat deem schliisslech den 31. August 1892 eng Konventioun fir de Bau ënnerschriwwe gouf. Dat Gebai dat dunn opgeriicht gouf, ass dat wat haut nach do steet.

Nodeem d'Gare vun 1992 un net méi funktionéiert huet ware vill Gebaier ewechgerappt ginn. Den Entrepot stoung eidel, e gouf vandaliséiert, an ass lues a lues zu enger Ruin degradéiert, déi sollt opgerappt ginn, bis eng hollännesch Hotelsketten dat Ganzt kaaft a restauréiert huet. Dobäi goufen d'Fassaden am Original bäibehalen, just de Quai op der Stroossesäit mam Preau dee schonn méi laang verschwonne war, gouf net méi opgeriicht. Besonnesch ass datt op den zwou Fassaden tëscht de Fënsteren a Wopeform d'Nimm vun all de Stied mat deene Verviers Handel gedriwwen huet, ze gesi sinn.

Do wou d'Gleisanlage waren ass haut e grousse Parking. Op der Plaz vun de Passagéierquaië gouf an de Joren 2003-2005 en Outletcenter opgeriicht, deen awer net besonnesch funktionéiert. 2011 stounge méi 2/3 vun de Geschäfter eidel. Um Rond-point virum fréieren Entrepot ass eng Textilwalz ausgestallt.