Gare Zens-Hamm

Vu Wikipedia
Gare Zens-Hamm
Streck 3
PK 3,050
Quaien 1
Gleiser 1
Uertschaft Zens
Gemeng Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Koordinaten 49° 36’ 53.5’’ N
      06° 09’ 55.5’’ O
Websäit CFL.lu

D'Gare Zens-Hamm ass eng Gare op der CFL-Linn 3, der sougenannter Tréierer Streck, tëscht der Gare Lëtzebuerg an der Gare Sandweiler-Conter vun der Lëtzebuerger Eisebunn.

Bei der Gare bestoung eng Barriär (P.N. 56), ënnerzeg vun der Rue des Alouettes um Zens. D'Gare déi ursprénglech westlech vun der Barriär, laanscht dem Äppelwee louch, gouf am Kader vun der Moderniséierung an dem Ausbau vun der Zuchstreck ëstlech vun der Barriär, nei ugeluecht. Op dëser Plaz ass se zanter dem 13. Dezember 2015 a Betrib. Bis 2019 gouf d'Streck vun engem op zwéi Gleiser ausgebaut; mam Zuchbetrib um zweete Gleis goung och den zweete Quai op.

Zanterhier besteet och d'Barriär net méi a se gouf mat enger Bréck ersat, déi den Äppelwee an d'Rue des Alouettes mam Hammer Dällchen verbënnt.

D'Tréierer Streck féiert vu Lëtzebuerg bis op Waasserbëlleg an da weider op Tréier a Wittlech.

Zich déi an der Gare halen[änneren | Quelltext änneren]

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Lëtzebuerg   RB
CFL-Linn 30 
  Sandweiler-Conter Waasserbëlleg

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gare Zens-Hamm – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]