Gare du Longdoz

Vu Wikipedia

D'Gare du Longdoz war eng belsch Gare zu Léck déi 1851 gebaut gouf. Déi éischt Gare war aus Holz a gouf 1877 mat engeme stenge Gebai ersat.

D'Gare stoung laanscht d'Rue Grétry, op der Plaz, wou haut de Centre Commercial Longdoz ass. Op de fréiere Gleisanlage steet haut e Gebai vun der Belgacom.

D'Konzessioun fir d'Aarbechten an d'Exploitatioun hat am Ufank, vun 1845 bis 1855 d'Compagnie du Chemin de Fer de Namur, duerno vun 1855 bis 1862 d'Compagnie du Chemin de Fer du Nord Français a schliisslech d'Compagnie du Nord-Belge. Wéi dunn no an no an der Belsch d'SNCB praktesch iwwerall Patron gouf huet Gare zur Linn 40 gehéiert.

Am Ufank hat dës Gare just en Uschloss mat der Gare Guillemins a mat der Streck fir op Namouer, fir d'Exploitatioun vun der Streck Léck-Namur. Et huet awer net laang gedauert du gouf d'Streck vu Longdoz aus bis op Maastricht via Visé ausgebaut. Well d'Gare eng Kappgare war huet och missen eng Dréischeif gebaut ginn fir d'Lokomotiven ze dréinen. Dobäi war et och nach eng Gare mat zwéin Niveauen am Gebai, well d'Gleiser ee Stack méi héich louche wéi d'Entrée fir d'Passagéier.

Wéi 1917 ënner der preisescher Besatzung den Tunnel vu Froidmont gebaut gouf, huet d'Gare u Wichtegkeet verluer, huet awer nach bis 1956 funktionéiert. An deem Joer gouf de Persouneverkéier agestallt, an et sinn nach just Marchandisenzich an d'Gare komm. 1975 war definitiv den Aus fir d'Gare, wéi de ganze Quartier ëmmodelléiert gouf, a si huet misse Plaz fir Geschäftshaiser a Verwaltungsgebaier maachen.

Iwwerreschter sinn net méi vill ze gesinn, ausser engem Bréckekapp an der Rue de la Limite a Gleisreschter um fréieren Y fir an Direktioun Maastricht an der Rue Nathalis.

Kuckt och op der Linn 40[änneren | Quelltext änneren]