Gast Waltzing

Vu Wikipedia
Gast Waltzing
Gebuer 13. August 1956
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Jazzmuseker, Komponist, Dirigent, Filmkomponist

De Gaston ("Gast") Waltzing, gebuer den 13. August 1956 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Museksprofesser, Trompettist, Dirigent a Komponist.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Am Alter vu 7 Joer ass de Gast Waltzing an de Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg gaangen. Spéider huet hien am Conservatoire royal vu Bréissel an am Conservatoire National Supérieur zu Paräis beim Maurice André Musek studéiert.

1972 huet hien d'Grupp Luxemburg Jazz Five gegrënnt, aus där spéider d'Grupp Atmosphere ervirgaangen ass. Vun 1980 u sinn e puer LPen, Singelen an CDen opgeholl ginn.

Am Joer 1982 gouf hie Professer fir Trompett am Conservatoire an der Stad Lëtzebuerg. De Gast Waltzing, dee sech och nieft der klassescher Musek fir Jazz intresséiert, huet am Joer 1986 eng Jazzklass am Conservatoire agefouert.

1986 huet hien zesumme mat senger Fra Maggie Parke d'Grupp Park Café gegrënnt. 1988 ass ënner senger Leedung d'Big Band des Conservatoires entstanen.

1989 huet hien, zesumme mat senger Fra, fir dem Andy Bausch säin A Wopbopaloobop A Lopbamboom eng éischt Kéier eng Filmmusek komponéiert. Si goufen dofir fir d'Best European Filmcomposers of 1989 nominéiert. Dat Joer drop huet en d'Musek zum ZDF-Film Ex und Hopp komponéiert. Zënterhier huet de Gast Waltzing iwwer 150 Stécker fir Filmer, Televisiounsfilmer a Videospiller komponéiert.

Fir d'Kulturjoer 1995 huet en zesumme mat senger Fra déi modern Oper Smalltime geschriwwen, déi am September 1995 am Stater Theater opgefouert ginn ass.

De Gast Waltzing trëtt reegelméisseg op, sief et an Jazz-Formatiounen, wéi dem Luxembourg National Jazz Orchestra Life's Circle oder Largo, sief et als Dirigent vu klasseschen Orchesteren, wou e seng Arrangementer dirigéiert, wéi z. B. mat der Deutsche Radio Philharmonie zesumme mat der Amy Macdonald, oder mam Orchestre philharmonique du Luxembourg am Kader vu "Pops at the Phil", mat Sänger wéi Dionne Warwick, Maurane, James Morrison oder Angélique Kidjo. Mat der Leschtgenannter krut hien 2016, zesumme mam OPL, e Grammy an der Kategorie World Music.

De Gast Waltzing ass op ville Placken an CDen ze héieren, a produzéiert och CDe mat anere Museker um Label WPR (Waltzing-Parke Records), deen en 2004 gegrënnt huet.

Filmer fir déi hien d'Musek geschriwwen huet (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

De Gast Waltzing (2014).
De Gast Waltzing (2014).
De Gast Waltzing mam China Moses (2017).

Kinosfilmer[änneren | Quelltext änneren]

Televisiounsfilmer[änneren | Quelltext änneren]

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gast Waltzing – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Grammy für Angélique Kidjo mit dem OPL op wort.lu vum 16. Februar 2016
  2. Cérémonie officielle à la Philharmonie Luxembourg – Remise de distinctions honorifiques. gouvernement.lu (2016-06-23). Gekuckt de(n) 2022-01-24.