Gast Michels
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Gast Michels, gebuer den 11. Januar 1954 zu Iechternach, a gestuerwen de 5. Februar 2013, war e lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
Inhaltsverzeechnes |
Seng Biller sinn abstrakt, mä stellen zu gläicher Zäit och figurativ Sujeten, z. B. Mënschen, op eng ganz stiliséiert Aart a Weis duer. Hien huet och dacks Impressiounen aus senger onmëttelbarer Noperschaft a senge Wierker verschafft. Esou kënnt ëmmer erëm Waasser an e Millerad vir, wat dohier kënnt, datt hien zu Walfer an der aler Mille gewunnt huet.
Hien hat zwéi Jongen an huet zu Walfer geschafft a gelieft. En zweet Doheem hat en a Frankräich zu Vaison-la-Romaine an der Ardèche.
Studien an Auszeechnongen: [änneren]
- 1974-1980: Institut Supérieur des Beaux-Arts Saint-Luc zu Léck
- 1983: Openthalt an der Cité des Arts zu Paräis
- 1983: 1er Prix de la Peinture, Biennale des Jeunes, Esch-Uelzecht
- 1987: Prix de Raville, Lëtzebuerg
- 1996: 1er Prix Concours Siemens, Lëtzebuerg
- 2008: Openthalt an der Cité des Arts zu Paräis
Zitater [änneren]
- Ech sinn ewéi e Boxer. Ech trainéieren e Liewe laang fir am richtege Moment de richtege Pinselstréch ze zéien.
- Esou bal ech meng Ënnerschrëft ënnert e Bild setzen, gehéiert et mir net méi.
Ausstellungen (Auswiel) [änneren]
- Eiserne Zeichnungen - Steel drawings: Mercedes-Benz S.A. Luxembourg (Mäerz - Abrëll 2000)
- 1980-2000 Vingt ans d'aventure picturale: Theâter-Galerie Esch-Uelzecht (Dezember 2000)
- SIGNES - de ma région [une époque de créations]: Espace Mett Goedert zu Konsdref (Mee - Juni 2002)
Literatur [änneren]
- Revue Nr. 7 vum 13. Februar 2013 S. 24: Nachruf auf Gast Michels: Der Zeichenmaler
