Gaston Vogel

Vu Wikipedia
Gaston Vogel
Gebuer 9. Oktober 1937
Walfer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Jurist, Affekot, Juristesche Schrëftsteller

De Gaston Vogel, gebuer den 9. Oktober 1937 zu Walfer, ass e lëtzebuergeschen Affekot an Auteur vu Bicher a kriteschen Essaien, déi an Zäitschrëften, Zeitungen, iwwer de Radio oder a Bicher publizéiert goufen.

Hien ass och bekannt fir seng kritesch Aussoen a Stellungsnamen zu politesche Problemer (z. B. Affär Bommeleeër an Europäesche Referendum), a fir seng "blummeleg" Sprooch, déi sträppweis zur Koprolalie hin tendéiert[1] an zum iwwerméissege Gebrauch vu franséische Wierder a Phrasen.

Am Oktober 2012 huet hien an engem oppene Bréif un de Premierminister Jean-Claude Juncker géint d'Staatsdepensë fir d'Hochzäit vum Ierfgroussherzog Guillaume mat der Gräfin Stéphanie de Lannoy protestéiert an d'Grënnung vun enger republikanescher Partei an Aussiicht gestallt.[2],[3].

Am Bommeleeërprozess tëscht Februar 2013 a Juli 2014 huet hien ee vun den zwéin Ugeklote vertrueden. No engem ëffentleche Kommentar iwwer d'Aussoe vum Zeie Charles Hoffmann gouf hie vun deem wéinst Verleumdung verklot, gouf awer den 22. Dezember 2014 fräigesprach.[4]

Bicher[änneren | Quelltext änneren]

  • Pour Jésus,le parent pauvre du christianisme, à l'occasion de son prochain deux millième anniversaire, 1989, Éditions Kremer-Muller, Féiz. Mat engem Virwuert vum Nic Klecker.
  • Le Bouddhisme, ni dieu ni âme, 1997
  • La vie des Saints, 1999
  • Le pâturage. L'an deux mille. Contribution à l'histoire du christianisme, 1999, Éditions PHI; 392 Säiten.
  • Pour Nietzsche, à l'occasion du 100ième anniversaire de sa mort, 2000, Éditions PHI
  • Le nouveau droit de la presse au Grand-Duché de Luxembourg, 2004
  • Droit de la construction, 2007, 241 S.
  • Droit du travail, 2007
  • Dans la tourmente judiciaire de 1962 à ce jour. Grandeurs et misères dans le temple de Thémis, 2010, Éditions Guy Binsfeld, ISBN 978-2-87954-229-4
  • Intra muros - Grandeur et turpitudes au Temple de Thémis (mat der Affär Bommeleeër); Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2023; 218 Säiten. ISBN 978-99959-42-96-0
  • Au pays du Jade - Souvenirs d'un voyage en Asie profonde, suivis d'un florilège d'objets de prestige, mat ville Fotoen, déi den Auteur selwer am chineeseschen Turkestan geholl huet, Verlag Apophis, Stad Lëtzebuerg, 2010, 275 S., ISBN 978-99959-609-8-8
  • L'essence précieuse dans l'oeuvre de Marcel Proust ; 2011; 250 Säiten. ISBN 978-99959-609-9-5

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Romain Durlet, Nouvelle publication: "L'essence précieuse dans l'oeuvre de Marcel Proust" de Gaston Vogel - « Nous vivons dans un Sahara intellectuel »  ; in: Tageblatt, Ausgab vum 11. Mäerz 2011, S. 15.
  • (Gespréich mam Journalist Bruno Muller) «Je suis païen...» - "Pour Jésus, le parent pauvre du christianisme". Tel est le premier ouvrage écrit par Gaston Vogel. Il raconte cette première expérience qui inaugura une série d'ouvrages  ; in: Le Quotidien, Ausgab vum 17 Mäerz 2011, Rubrik Ma première fois, S. 19.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Ee Beispill vu villen
  2. Tageblatt: Oppene Bréif un de Jean-Claude Juncker vum 18. Oktober 2012 (gekuckt de 4. Mäerz 2013)
  3. Tageblatt: Republikanische Partei für Luxemburg (18. Oktober 2012; gekuckt de 4. Mäerz 2013)
  4. Vertrauen in die Justiz verloren op wort.lu vum 9. Januar 2015