Gaucelm Faidit
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Gaucelm Faidit, gebuer ëm 1185 zu Uzerche am Limousin, a gestuerwen ëm 1240, war en Trobador aus dem Mëttelalter.
Well hie seng Suen duerch Wierfelspill verluer hat, ass e mat senger Fra Guilhelma Monja, enger fréierer Prostituéiert als Jongléierkënschtler iwwer Land gezunn. Och zu Poitiers huet e sech eng Zäitchen um Haff vum Richard Léiwenhäerz opgehalen, mat deem hie soll op de Véierte Kräizzuch gaange sinn . Deen huet dunn Hand iwwer den Trobador gehalen a krut so sengem Doud 1199 e Planh dedicacéiert, de bekannten "Fortz chauza es tot lo maior dans".
Eng 65 Gesäng si vun him iwwerliwwert.