Gavisse
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land | |||||
| Regioun | |||||
| Departement | |||||
| Arrondissement | Thionville-Est | ||||
| Kanton | Cattenom | ||||
| Code Insee | 57245 | ||||
| Postcode | 57570 | ||||
| Koordinaten | 49° 25' 58" N 06° 17' 16" O |
||||
| Fläch Uertschaft | 415 ha | ||||
| Bevëlkerung Uertschaft | 591 (2007) | ||||
Gavisse ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Moselle a Loutrengen.
Den Uert, deen zum Arrondissement vun Diddenuewen-Ost gehéiert, huet 507 Awunner (Stand 1999).
Inhaltsverzeechnes |
Geographesches [änneren]
- Gavisse läit ronn 1 km vun der Musel ewech, op enger Hécht vun tëscht 148 an 180 Meter an huet eng Fläch vu 415 ha.
- Gavisse ass duerch D 62 nord-westlech mat Fixem verbonnen an süd-ëstlech iwwer d' Muselbréck vu Malling mat där Gemeng.
- D 64 féiert op Berg-sur-Moselle, dat ëstlech läit.
Demographesches [änneren]
D'Awunnerzuel geet lafend erop:
- 1982: 318
- 1990: 467
- 1999: 507
Noperschaft [änneren]
No bei Gavisse leie folgend Gemengen:
- Fixem , 1,5 km
- Malling, 2 km
- Berg-sur-Moselle, 2,1 km
- Haute-Kontz, 2,8 km
- Cattenom, 3,3 km