Gebai fir ëffentlech Verwaltungen (Belval)

Vu Wikipedia
Gebai fir ëffentlech Verwaltungen
Land Lëtzebuerg
Gemeng Esch-Uelzecht
Adress 1, avenue du Rock'n'Roll
Koordinaten 49°29'59,39"N, 5°56'56,87"O
Opgaangen 2013

D'Gebai fir ëffentlech Verwaltungen op Belval ass e 60 m héicht Gebai mat 15 Stäck, an deem op enger Fläch vun 18.000 Quadratmeter zanter Dezember 2012 d'Ëmweltverwaltung, d'Waasserwirtschaftsamt, d'national Dateschutzkommissioun an de Fonds Belval hir Büroen hunn.[1]

Verdeelung

  • 2. - 6. Stack: Waasserwirtschaftsamt;
  • 7. Stack: National Dateschutzkommissioun;
  • 8. - 12. Stack: Ëmweltamt;
  • 13. - 15. Stack: Fonds Belval.

D'Verwaltungsgebai steet um Belval, op der Héichuewenterrass, ëstlech nieft der Rockhal, an der Avenue du Rock'n'Roll.

D'Pläng ware vum Architektebüro Bruck & Weckerle, d'Bauaarbechten hunn am September 2009 ugefaangen. Am Ganze goufe 14.000 Kubikmeter Buedem ewechgeholl an ë. a. 7.000 m³ Bëtong an 1.150 Tonne Stol verschafft.[2] Et goufen dofir 57.073.000 Euro investéiert.

Den 18. Mäerz 2013 hunn d'Ministere Claude Wiseler, Marco Schank, Jean-Marie Halsdorf a Mars Di Bartolomeo d'Gebai ageweit.[3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: 1, avenue du Rock'n'Roll – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. LL: "'Complet.'" tageblatt, 29./30. Dezember 2012, Nr.33, S.16.
  2. rsd: "Richtfest des Turmes von Belval: 18 000 Quadratmeter auf 17 Stockwerken". wort.lu, 07.04.2011 08:12. (Note: D'Gebai huet keng 17, mä 15 Stäck)
  3. "Inauguration du nouveau bâtiment administratif à Belval par les ministres Claude Wiseler, Marco Schank, Jean-Marie Halsdorf et Mars Di Bartolomeo." gouvernement.lu, 18-03-2013.