Geckeg Knippchen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

"Geckeg Knippchen" gëtt déi Plaz um Ielebou genannt, wou den Ielennerv, den nervus ulnaris, op der Knupp vum der Ielebouschank, an enger Kailchen, direkt ënnert der Haut verleeft. Dësen Nerv leet d'Reizimpulser vum Klengen a vum Rankfanger a vu soss Regioune vum ënneschten Aarm an d'Gehir.

Stéisst ee sech mat der "geckeger Knippchen" widdert en haarde Géigestand, da geschitt eng Iwwerreaktioun am Nerv: well e selwer net emfidlech fir Péng ass, gëtt en dem Gehir dann d'Informatioun weider, datt déi ganz Regioun, déi en z'"iwwerwaachen" huet, gereizt gouf, an zwar esouwuel, wat Beréierung ugeet, wéi och, wat d'Spire vu Péng oder vun Hëtzt/Keelt ugeet.

Doduerch entsteet dann dat speziellt Gefill, dat als eng Mëschung aus Stroumschlag, Kriwwelen, Dafheet a kaler/waarmer Dusch am ganzen Aarm, heiansdo am ganze Kierper, beschriwwe ka ginn.