Geeschterkrater

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De grousse Moundkrater Ptolemäus. An der 150 km grousser Ramplifläch läit riets - uewen vum klenge Lachkrater - am flaache Liicht e gréissere Geeschterkrater. Och lénks, an der Bildmëtt, sinn e puer klenger ze gesinn.

Als Geeschterkrater gëtt an der Astronomie en alen Aschlagkrater bezeechent, deem säi Kraterrampli duerch laangundauernd Erosioun bal ganz ofgedroen ass a nëmme méi bei ganz flaachem Sonnestand siichtbar gëtt (kuckt d'Biller).

Den 30km-Krater Lambert, fotograféiert aus der Ëmlafbunn vun Apollo 15. Ënner dem Lambert e Geeschterkrater mat ganz flaachem Buedem, uewe lénks en Deel vum Dorsum Ziirkel.

Och méi jonk Aschléi kënnen zum Verforme vun ale Strukture féieren, déi awer dacks duerch hir gestengstypisch, spektral Eegeschafte mat Spezialmethoden opgespiert kënne ginn. De Planetolog Eugene Shoemaker nennt si dofir och Palimpsest - analog zu den iwwerschriwwene Pergamenter an der Archeologie.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • K.Beatty et al: Die Sonne und ihre Planeten. Physik-Verlag, Weinheim 1983
  • Eugene Shoemaker: Kollision fester Körper, Kapitel 4 des obigen Werkes, 1983
  • Antonin Rükl: Mond, Mars, Venus. Taschenatlas der erdnächsten Himmelskörper. Artaria-Verlag, Prag 1977