Gehir
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Gehir (Hiren, latäin cerebrum, Algriichesch ἐγκέφαλον (enképhalon) ass den Numm vun deem Deeel vum Zentralnervesystem vun de Wierbeldéieren, deen am Kapp läit, geschützt an der Hiel vum Schiedel, mat ronderëm der Hirenhaut. Et besteet haaptsächlech aus Nerventissu.
Fonktioun [änneren]
D'Gehir vun de Wierbeldéiere verschafft héichdifferenzéiert Sënnesandréck a koordinéiert komplex Komportementer. Et ass d'Zentralplaz fir differenzéiert Informatiounen ze sammelen an auszeginn, déi den Organismus verschafft.
Opbau vum Gehir vun de Wierbeldéieren [änneren]
- Prosencephalon (Viischt Hiren)
- Telencephalon (Endhiren, „Cerebrum“)
- Cortex cerebri
- Subcortical Käeren
- Basalganglien
- Claustrum
- Corpus amygdaloideum (Mandelkäer/Mandelkierper, „Amygdala“)
- Diencephalon (Tëschenhiren)
- Thalamus
- Epithalamus
- Subthalamus
- Hypothalamus (mam Hypothalamus verbonnen ass d'Hypophys)
- Metathalamus
- Telencephalon (Endhiren, „Cerebrum“)
- Mesencephalon (Mëttel Hiren)
- Rhombencephalon (Rautenhiren)
- Metencephalon (Hënnescht Hiren)
- Cerebellum (Kleg Hiren)
- Vermis
- Zwou Hemisphären (Hirenhalschechten)
- Pons
- Cerebellum (Kleg Hiren)
- Myelencephalon (Nohiren, Medulla oblongata)
- Metencephalon (Hënnescht Hiren)
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Gehir – Biller, Videoen oder Audiodateien |