Gelübd
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
E Gelübd (vum alhéidäitsche gilubida: „geloben“) ass an der Kathoulescher Kierch e reliéist, oft feierlecht Verspriechen, sech un eng bestëmmte Regel ze halen oder sech e besonnesche Virsaz ze huelen. Esou e Verspriechen gouf dacks an Noutsituatioune gemaach am Vertrauen an an der Hoffnung, datt Gott, Maria oder soss en Hellegen aus der mësslecher Lag eraus hëlleft.[1]