Geldschäin

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

E Geldschäin ass eng Wäertschrëft, e Pabeierschäin mat deem bezuelt ka ginn. Net nëmmen all Natioun, mä och d'EU an aner Währungszonen hunn hir eege Geldschäiner. D'Zentralbanke si fir hir Emissioun zoustänneg. Privatbanken, déi en Emissiounsrecht hunn, sinn Ausnamen. Déi eenzeg Ausname si Schottland, Nordirland, Hongkong a Macao. Fréier haten och d'Banque Internationale an d'Banque Nationale, zwou Privatbanken, zu Lëtzebuerg en Emissiounsrecht.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Banknotes by country – Biller, Videoen oder Audiodateien