Geldwäsch
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Ënner Geldwäsch versteet een d'Operatioun, déi doranner besteet, fir, euphemistesch geschwat, schwaarzt Geld dat aus illegalen Operatiounen (Beispill Drogenhandel, a Crimen) staamt, wäiss ze wäschen an erëm an den normale Finanz-Circuit zréckzeféieren. Bei der Geldwäsch geet et drëm, fir d'Originne vun deem Geld ze vertuschen, an doduerch enger Strof z'entgoen. Allgemeng handelt sech ëm Erléiser, déi sech hirer Besteierung entzunn hunn.
D'Europäesch Kommissioun ass staark beméit, d'Geldwäsch ze ënnerbannen. Si huet d'Memberlänner vun der EU an hir Finanzinstituter verflicht, wierksam Dispositiounen ze huelen, fir d'Originne vun deposéierte Suen am Viraus nozeweisen.