Gemeinschaftsantenn

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Gemeinschaftsantenn ass déi gewéinlech Bezeechnung fir d'Verdeele vu Fernsehprogrammer iwwer e Kabelnetz. D'Bezeechnung Teledistributioun ass och geleefeg. Am Englesche gebraucht een d'Ofkierzung CATV (cable antenna television). Zu Lëtzebuerg hunn 94% vun de Stéit d'Méiglechkeet sech un eng Gemeinschaftsantenn unzeschléissen.

Entwécklung vun de Gemeinschaftsantennen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

D'Entwécklung vun de Gemeinschaftsantennen zu Lëtzebuerg hänkt logescherweis enk mat där vun der Televisioun am Allgemengen zesummen. Den Ufank läit also an de 1950er an 1960er Joren, wéi de Fernseh e méi geleefegt Equipement an de lëtzebuergesche Stuffe ginn ass. Déi éischt Televisiounsprogrammer zu Lëtzebuerg goufen 1954 vun der CLT ausgestraalt. Mä et war awer och méiglech d'Programmer aus der Nopeschlänner z'empfänken, well déi terrestresch Radiodiffusioun, déi eenzeg Technologie déi et deemools gouf, sech net u Landesgrenzen hält. D'Lëtzebuerger haten also scho ganz fréi, och well si méi wéi eng Sprooch verstan hunn, net nëmmen een, mä bis zu sechs Fernsehprogrammer.

Wat fir déi eng Lëtzebuerger eng flott Saach war, war et awer net onbedingt fir se all. D'Geographie an d'Topographie vum Land haten als Konsequenz, datt net am ganze Land déiselwecht Programmer an derselwechter Qualitéit konnten empfaange ginn. Wat ee méi wäit vun der Grenz mat engem Land ewech war an zemools och wann een an engem Dall gewunnt huet, hat ee Problemer fir iwwer eng terrestresch Antenn d'Programmer z'empfänken. Sou gouf eng Associatioun vun de benodeelegte Fernsehbesëtzer gegrënnt déi dëse Sujet thematiséiert huet. D'Diskussioune ware souwuel technescher wéi finanzieller Natur.

Technesch gouf et zwou méiglech Léisunge fir dee Problem. Déi éischt wier gewiescht op deene Plaze wou schlechten Empfank war Relais-Statiounen opzeriichten, déi d'Signal verstäerkt hätte fir datt et zum Beispill och an engem Dall empfaange kéint ginn. Déi zweet war fir amplaz vun eenzelne privaten Daachantennen eng gréisser Antenn, eng Gemeinschaftsantenn, op eng gutt Plaz ze setzen, zum Beispill ob eng Kopp, an dann iwwer e Koaxkabelnetz d'Signal an d'Haiser ze transportéieren.

Finanziell huet d'Fro sech gestallt ob, wéi beim Telefon mat der Postverwaltung, de Staat fir d'Léisung vum Problem zoustänneg wier oder ob et un der Privatinitiativ wier Léisungen ze fannen.

Fir den technesche Volet z'analyséieren huet d'Regierung Ufank 1966 eng Expertekommissioun agesat, déi am Summer 1967 hir Conclusioune gezunn huet. Si huet der Regierung recommandéiert eenzeg an eleng d'Gemeinschaftsantenn als Solutioun z'erlabe fir d'eventuell Problemer vun enger gemëschter Léisung ze vermeiden.

Am Kader vun de Budgetsdebatten an der Chamber, huet de Staatsminister Pierre Werner den 29. November 1967 der Regierung hir Positioun kloer gestallt an ugekënnegt datt d'Regierung just Gemeinschaftsantennen erlabe géif an datt d'Privatinitiativ de Motor misst si fir déi Reseauen ze zéien.

Et war effektiv sou, datt schonn an de Jore virdrun, déi éischt Gemeinschaftsantennen aus der Privatinitiativ entstane waren. Klierf, den Houwald, Esch-Sauer, Kautebaach haten Enn 1967 schonn eng Gemeinschaftsantenn. Ëlwen, Kolmer-Bierg, Schieren, Lëntgen, Itzig-Plateau, Fiels, Veianen, Iechternach, Hesper, Méisdref, Wëlwerwolz, Wolz, Walfer a Koplescht hate Projete wann se net schonn am Gaang waren ze bauen.

An de Joren duerno ass Lëtzebuerg zu engem vun de verkabelste Länner an Europa ginn, zesumme mat senge Partner aus dem Benelux, der Belsch an de Nidderlanden. 94% vun de Stéit zu Lëtzebuerg hunn d'Méiglechkeet sech un eng Gemeinschaftsantenn unzeschléissen.

Eng Spezifizitéit vun de Gemeinschaftsantennen zu Lëtzebuerg bleift awer, datt déi verschidden Netzer net systematesch ënnerenee verbonne sinn. Et handelt sech ëm lauter Inselen, déi eng vun der anerer onofhängeg sinn.

Technesch Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Gemeinschaftsantennennetzer waren technesch gesinn net ganz opwenneg. Si hunn aus Koaxkabel bestanen deen iwwerierdeg vun Haus zu Haus gezu ginn ass a konnte mat der Hëllef vu Verstäerker d'Signal vun enger net all ze héijer Zuel vu Televisiounsprogrammer transportéieren.

Ee vun den éischte Problemer déi dobäi komm sinn, war nieft dem rengen Empfank d'Fro vun de verschiddenen Norme fir faarweg Televisoun an den Nopeschlänner. E gouf geléist andeems d'Secam-Signal vun de franséische Programmer schonn an der Kappstatioun vun der Gemeinschaftsantenn an e PAL-Signal ëmgewandelt ginn ass.

Duerno goung et virun allem drëm d'Kapazitéite vun de Reseauen an d'Luucht ze setzen, fir déi ëmmer méi grouss Zuel vu Programmer déi et vun den 1980er Jore u ginn ass iwwerdroen ze kënnen. D'Entwécklung an deem Beräich variéiert ganz staark tëscht deene verschiddene Gemeinschaftsantennen. Déi eng hunn sou hir Reseaue systematesch moderniséiert an d'Bandbreet mat neie Verstäerker no uewen adaptéiert während anerer nëmme vill manner Programmer iwwerdroe kënnen.

D'Fro vun der Modernisatioun huet sech och bei de Kappstatioune gestallt. Nieft den terrestereschen Antennen hunn dës och miissten un d'Satelliteprogrammer ugepasst ginn an duerno un d'digital Diffusioun.

Enn der 1990er Joren hunn déi éischt Gemeinschaftsantennen ugefaangen hir Reseauen ëmzebaue fir se bi-directionnel ze maachen. Dat huet hinnen erlaabt nieft der klassescher Teledistributioun och interaktiv Servicer wéi den Internet-Accès unzebidden. Dofir muss allerdéngs den traditionelle Koaxkabelreseau an en hybride Koaxkabel- an Glasfiberreseau ëmgebaut ginn. D'Verstäerker am Reseau mussen och moderniséiert ginn. Och hei gëtt et staark Ënnerscheeder vu Gemeinschaftsantenn zu Gemeinschaftsantenn.

Am Ufank vum 21. Joerhonnert huet d'digital Technik hire Wee an de Kabel fonnt mat der Norm DVB-C. Nieft der klassescher analoger Teledistributioun hunn ëmmer méi Gemeinschaftsantennen ugefaangen och en digitaalt Signal ze verdeelen. De Virdeel war eng besser Qualitéit an, virun allem, d'Méiglechkeet méi Programmer iwwer deselwechte Reseau ze schécken. Mat der digitaler Technik huet och d'Zäit vun der PayTV an der Héichdéfinitoun (HD) zu Lëtzebuerg ugefaangen. De Nodeel vum Digitalen ass allerdéngs, datt ee bei de meeschte Fernsehapparater zousätzlech en externen Dékoder brauch.

Acteuren[änneren | Quelltext änneren]

Eng Konsequenz vun der Regierung hirer Decisioun vun 1967 d'Gemeinschaftsantennen der Privatinitiativ z'iwwerloosse war, datt et net een, mä eng ganz Rei Acteure gouf. Déi éischt ware Veräiner a Form vun ASBLen. Mä och Gemengen hu Gemeinschaftsantenne gezunn. An da gouf et och kommerziell Entreprise wéi d'Eltrona, d'Coditel (méi spéit Numericable), d'Siemens, d'Sogel oder Electricité Konz. D'Netzer vun Electricité Konz goufe méi spéit vun der Sogel iwwerholl, déi seng Kabelaktivitéiten an der Gesellschaft Digivision zesummegeluecht huet. Am November 2012 huet d'Eltrona 80% vun Digivision iwwerholl.[1]. D'Eltrona, mat der Mark Imagin, huet 2010 schonn d'Netzer vu Siemens, duerno Nokia Siemens Networks, iwwerholl gehat.[2]

Méi spéit an der Entwécklung goufen d'Grenzen tëscht den Engen an den Aneren dacks méi verschwomm. Sou hunn d'Gemengen dacks d'ASBLe staark ënnerstëtzt an och zum Deel mat kommerziellen Acteuren zesummegeschafft.

Auteursrechter[änneren | Quelltext änneren]

Zou gréisseren Diskussiounen huet an den 1990er Joren d'Fro vun den Auteursrechter gesuergt. Enn der 1980er Joren huet eng Gesellschaft fir Auteursrechter ugefaangen de Gemeinschaftsantennen am Numm vun de Televisiounsprogrammer Suen ze froe fir d'Recht dës Programmer ze verdeelen. Et huet awer missen zu engem Geriichtsuerteel komme fir d'Fro ze klären. Dëst war 1995 de Fall, an zanterhier steet fest, datt d'Gemeinschaftsantennen dës Auteursrechter bezuele mussen.

Am Joer 2007 huet d'Fro vun den Auteursrechter nees fir vill Opreegung gesuergt wéi bekannt ginn ass, datt eng nei Konventioun tëscht de Programmer an de Gemeinschaftsantennen ob den 1. Januar 2008 a Kraaft géif trieden. Déi nei Konventioun huet 80 Programmer ofgedeckt géint just 21 an där aler, an de Gemeinschaftsantennen zougeséchert, datt si net géifen ugesicht gi well si bis dohin dacks méi wéi 21 Programmer iwwerdroen hunn. Allerdéngs ass de Präis vun der Redevance vun 17,43 Euro (ouni TVA) am Joer 2007 op 55 Euro am Joer 2008 eropgaangen.

Zu nach méi Verdrësserlechkeet huet allerdéngs d'Noriicht gesuergt, datt am Joer 2008 d'analog Teledistributioun ofgeschalt géif ginn. Jiddwer Abonné misst sech also en digitalen Dekoder kafen. An der Konventioun tëscht der CLT-Ufa, als Vertrieder vun de Chaînen, den Auteursrechtergesellschafte Sacemlux an Algoa an de Gemeinschaftsantenne stoung datt am Prinzip d'Programmer digital missten iwwerdroe ginn. No vill Protest hunn de Kommunikatiounsminister Jean-Louis Schiltz an d'Association des Antennes collectives am Hierscht 2007 ugekënnegt, datt déi analog Televisioun parallel mat där digitaler weider bestoe géif soulaang eng Demande dofir do wier.

Am Kader vun dësen Diskussiounen huet d'Regierung proposéiert den TVA-Saz op d'Verdeele vu Fernsehprogrammer vu 15 op 3 Prozent erofzesetzen. Dëst ass duerch d'Steiergesetz vum 21. Dezember 2008 decidéiert ginn. Doduerch sollt et méiglech ginn, datt de ganze Präis fir d'Cliente vu Gemeinschaftsantennen trotz deene méi deieren Auteursrechter net ze vill staark klamme géifen. Dat ass allerdéngs just wouer fir Gemeinschaftsantennen déi och TVA musse verrechnen, also de kommerziellen Antennen. Et ass awer net wouer fir d'Gemengen an ASBLen. Op den Auteursrechter selwer si scho virdrun nëmmen 3 Prozent TVA gewiescht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Mémorial C, n° 32, 5. Januar 2013 (http://www.etat.lu/memorial/2013/C/Html/0032/2012159454.html)
  2. Communiqué "Nokia Siemens Networks Luxembourg va transférer ses activités de télédistribution à Eltrona", 16. September 2010 (http://imagin.lu/pdf/presse/imagin_communique_de_presse_F.pdf)