Gemeng Bäerdref
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| An anere Sproochen: |
fr: Berdorf de: Berdorf |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Gréiwemaacher | ||||||
| Kanton: | Kanton Iechternach | ||||||
| Buergermeeschter: | Ernest Walerius | ||||||
| Awunner Gemeng: | 1.916 (2011) |
||||||
| Fläch Gemeng: | 2.192,4446 ha | ||||||
| Koordinaten: | 49° 49' 17" N 06° 20' 58" O |
||||||
|
D'Gemeng Bäerdref (orange) am Kanton Iechternach (rout) |
|||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
Bäerdref och nach Bäertref ass eng vun den 106 Gemengen am Groussherzogtum Lëtzebuerg.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Uertschaften an der Gemeng [1]
|
Ausserdeem gehéieren nach déi heiten Häff a Lieu-diten zu der Gemeng Bäerdref: Bierkelt, Douschterterhaff, Haalsbaach, Hammhaff, Heesbich, Hongerhaff, Lafewier, Laangent, Posselt, Schleiterhaff a Säitert.
[änneren] Kadastersektiounen
D'Gemeng Bäerdref huet dräi Kadastersektiounen:
- A de Bollendorf-Pont mat 440,7323 ha
- B de Berdorf mat 841,9710 ha
- C de Bois et Fermes mat 909,74,13 ha
[änneren] Geographie
D'Uertschaft Bäerdref läit an der Mëtt vun engem Héichplateau, deen (ausser am Südwesten) vun déiwen Däller, déi duerch d'Sauer, d'Schwaarz Iernz an d'Äsbech an de Sandstee gegruewe gi sinn, ëmginn ass. D'Uertschafte Grondhaff, Bollenduerferbréck a Weilerbaach leien (der Flossrichtung no) nordwestlech bis ëstlech dovunner am Sauerdall, iwwerdeems Kalkesbaach südlech vu Bäerdrëf, no bei der Grenz mat der Gemeng Konsdref, läit.
[änneren] Geschicht
[änneren] De Wopen
Beschreiwung am Originaltext:
D'or à la croix fleurdelisée de gueules accostée en chef de deux béquilles de Saint-Antoine du même et accompagnée en pointe d'un pont de trois arches de sable mouvant des flancs, posé sur une rivière d'azur mouvant de la pointe.
De Wope gouf an där Form vum Gemengerot an der Sëtzung vum 28. Dezember 1988 ugeholl, an duerch Arrêté ministériel 1989, agréeiert. (Mémorial B)
D'Haaptemailer vum Wope sinn déi vun den Häre vu Beefort, an d'Kräiz mat de Liliespëtze symboliséiert d'Abtei Iechternach. Bäerdref selwer gëtt duerch d'Krätsche vum Hellegen Tunn duergestallt, deen ee vun de Patréiner vun der Par ass. D'Bréck steet fir d'Uertschaft Bollenduerferbréck a symboliséiert d'Bréck iwwer d'Sauer. Se ass schwaarz well dat un d'Faarf vum Kräiz aus dem Wope vun den Häre vu Bollendorf erënnert.
[änneren] Interkommunal Syndikater
[änneren] Leit aus der Gemeng
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Bäerdref

- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Kantonen
- Lëtzebuerger Distrikter
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Bäerdref – Biller, Videoen oder Audiodateien |
[änneren] Referenzen
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.