Gemeng Bartreng

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Bartreng
Detailer
An anere
Sproochen:
fr: Bertrange
de: Bartringen
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Distrikt: Lëtzebuerg
Kanton: Lëtzebuerg
Buergermeeschter: F. Colabianchi (DP)
Awunner Gemeng: 6.819
(2011)
Fläch Gemeng: 1.737,9084 ha
Koordinaten: Gnome-globe.svg49° 36’ 36’’ N
     06° 02’ 59’’ O
D'Gemeng Bartreng (orange) am Kanton Lëtzebuerg (rout)
D'Gemeng Bartreng (orange)
am Kanton Lëtzebuerg (rout)
Uertschaften - Gemengen - Stied
D'Gemengenhaus vu Bartreng

Bartreng ass eng vun den 106 Gemengen am Groussherzogtum Lëtzebuerg.

Uertschaften an der Gemeng [1][änneren | Quelltext änneren]

Zu der Gemeng Bartreng gehéieren nach déi folgend Lieu-diten an Häff:

Kadastersektiounen[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Bartreng huet dräi Kadastersektiounen:

  • A de Bertrange mat 550,4480 ha
  • B de Beaufort mat 522,2668 ha
  • C de Lorenzscheuer mat 665,1936 ha

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Bartreng läit westlech vun der Stad Lëtzebuerg op enger Héicht tëscht zirka 280 an 345 m iwwer NN.

Nopeschgemenge si Mamer a Stroossen am Norden, Lëtzebuerg am Osten, Leideleng a Reckeng op der Mess am Süden an Dippech am Westen.

Duerch d'Gemeng leeft vu Westen no Osten d'Péitruss. D'Grouf, eng Baach déi hiren Ursprong grad wéi d'Péitruss am ëstlechen Deel vun der Gemeng Dippech huet, leeft och vu Westen no Osten duerch d'Gemeng a fléisst da bei der Helfenterbréck an d'Péitruss.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den 1. Januar 1850 (duerch Gesetz vum 6. August 1849) goufen d'Sektioun Stroossen an den Deel vun der Sektioun Reckendall dat um "ban de Strassen" louch, vun der Gemeng Bartreng ofgetrennt, fir eng nei Gemeng Stroossen ze schafen.

Am Annuaire officiel 1917 fënnt ee fir d'Gemeng Bartreng 1.202 Awunner, 250 bewunnten Haiser an 252 Famillen.

Wope vu Bartreng[änneren | Quelltext änneren]

Beschreiwung am Originaltext:

Coupé d'argent et de gueules, au lion de l'un en l'autre, armé, lampassé et couronné d'or, la queue fourchue et passée en sautoir.

De Wope gouf an där Form den 29. Oktober 1981 vum Gemengerot ugeholl, an den 22. Dezember 1981 duerch Arrêté ministériel agreéiert (Mémorial B 1981, Säit 1362).

Déi gedeelten Emailer kommen aus dem Wope vun den Häre vu Bertrange-lez-Thionville. De rouden Deel vum Léiw, ass vum Léiw vum Lëtzezebuerger Wopen, an de sëlweren Deel kënnt aus dem Wope vum Jang de Blannen dee sengem natierleche Meedche Colette, dat mat dem Gerard Barong vu Rodstock bestuet war, d'Seigneurerie Bartreng geschenkt hat.

Verkéiersubannung[änneren | Quelltext änneren]

Iwwer den Tossebierg leeft d'Nationalstrooss N6 déi op hirer ganzer Längt zu der Voie de la Liberté gehéiert. Weider wichteg Stroosse sinn d'N34 an d'N35, déi d'Verbindung tëscht der N6 an der N5 maachen, déi an Ost-Westrichtung duerch d'Gemeng féiert.

Op der Helfenterbréck ass d'Gemeng un d'Autobunn A6 ugeschloss, déi do zirka 350 m iwwer d'Gebitt vun der Gemeng leeft.

Äusserdeem lafen nach d'Chemin reprisen CR163 an CR181 duerch d'Gemeng.

D'Gemeng ass duerch d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Klengbetten un d'Eisebunnsnetz ugeschloss un där se eng Gare huet.

Duerch d'AVL-Buslinne 6, 7 an 8 ass d'Gemeng duerch Busse mat der Stad Lêtzebuerg verbonn.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

De Gemengerot vu Bartreng gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech zanter 2011 aus 13 Conseilleren zesummen.

Zesummesetzung

Joer CSV DP gréng LSAP
1999 2 7 - 2
2005 3 6 1 1
2011 3 6 3 1

Quell: Inneministère / RTL.lu

Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]

Jumelage[änneren | Quelltext änneren]

Zanter dem 23. Mäerz 1997 ass Bartreng mat der italienescher Gemeng Santa Maria Nuovo (Regioun Marken (Marche), Provënz Ancona) jumeléiert.

Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Bartreng ass Member vu folgenden interkommunale Syndikater:

Kuckeswäertes an der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Helbach, Jos: Der private Grossgrundbesitz in Luxemburg im 19. Jahrhundert - Seine Entwicklung und sein Schicksal, Eegeverlag, 2009. S. 29 - S. 40

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bartreng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.