Gemeng Biekerech
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| An anere Sproochen: |
fr: Beckerich de: Beckerich |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Dikrech | ||||||
| Kanton: | Réiden | ||||||
| Buergermeeschter: | Camille Gira (déi gréng) | ||||||
| Awunner Gemeng: | 2.172 (Juli 2006) |
||||||
| Fläch Gemeng: | 2 841,6349 ha | ||||||
| Koordinaten: | 49° 43' 55" N 05° 53' 07" O |
||||||
|
D'Gemeng Biekerech (orange) am Kanton Réiden (rout) |
|||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
Biekerech ass eng vun den 106 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Réiden an am Distrikt Dikrech.
Inhaltsverzeechnes |
Uertschaften an der Gemeng [1] [änneren]
Zur Gemeng Biekerech gehéieren nach folgend Häff a Lieu-diten:
Geschicht [änneren]
D'Gemeng Biekerech an hirer haiteger Form ass entstane wéi duerch d'Gesetz vum 25. Juli 1846 d'Gemeng Uewerpallen opgeléist gouf an der Gemeng Biekerech beigeprafft gouf.
Wopen [änneren]
Beschreiwung am Originaltext:
Parti d'or et d'azur à deux crosses adossées de l'un en l'autre mouvant de la pointe et brochant sur la partition, les crosses soutenues à dextre par un loup rampant contourné au naturel et a senestre par un lion d'argent.
De Wope vun der Gemeng gouf an der Sëtzung vum 7. Oktober 1982 vum Gemengerot ugeholl an den 29. Oktober 1982 duerch en Arrêté ministériel agreéiert. D'Publikatioun war am Memorial B vun 1982 op Säit 344. De Projet gouf vum Marcel Lenertz ausgeschafft.
Déi riets Säit vum Wopen, [2] d'or au loup rampant au naturel, kënnt vun den Häre vun Schweech déi bis an d'14. Joerhonnert Meeschter zu Huewel, Schweech an Ielwen waren.
Déi lénks Säit vum Wopen, d'azur au lion d'argent, kënnt vun den Häre vu Giisch, deenen d'Uertschaften Uewerpallen a Liewel gehéiert hunn.
Déi zwéi Bëschofsstief stellen d'Kléischter vu Clairefontaine a Märjendall duer, déi vill Eegentemer um Terrain vun der haiteger Gemeng haten.
Industrie [änneren]
- S.A. des Eaux minérales zu Biekerech
Bekannt Leit [änneren]
- Nicolas Bosseler, Resistenzler, Historiker a Schoulmeeschter
- Camille Gira, Buergermeeschter an Deputéierten
- Egide Thein, lëtzebuergeschen Offizéier
- Émile Stockreiser, US-Air Force Pilot, gebuer zu Biekerech
Kuckeswäertes [änneren]
Interkommunal Syndikater [änneren]
D'Gemeng Biekerech ass Member vu folgenden interkommunale Syndikater:
- ASIVEMA
- Ecole de musique du Canton de Redange
- De Réidener Kanton
- Réidener Schwemm
- SICEC
- SICONA-Centre
- SIDEC
- SIDERO
- SIGI
- SYVICOL
Jumelage [änneren]
Biekerech ass zënter 1993 mat der ungarescher Gemeng Iváncsa jumeléiert.
Bibliographie [änneren]
- Berbeć, S., 1992. Approche typologique de l'architecture rurale au grand-duché de Luxembourg. Publications nationales. Ministère des affaires culturelles. 169 S. ISBN 2-87984-002-3. (Cf. Biekerech S. 9-24).
Kuckt och [änneren]
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Biekerech

- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Lëtzebuerger Distrikter
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Biekerech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ Bei der Beschreiwung vu Wopen ass riets déi Säit déi vu vir gekuckt lénks ass. Wope gi beschriwwen aus der Siicht vum Ritter deen d'Schëld gedroen huet, deemno vun hanne gekuckt
Biekerech | Ell | Groussbus | Préizerdaul | Rammerech | Réiden/Atert | Sëll | Useldeng | Viichten | Wal