Gemeng Biermereng
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| An anere Sproochen: |
fr: Burmerange de: Burmerange |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Gréiwemaacher | ||||||
| Kanton: | Réimech | ||||||
| Awunner Gemeng: | 960 (2002) |
||||||
| Fläch Gemeng: | 1.380 ha | ||||||
| Koordinaten: | 49° 29' 8" N 6° 19' 21" O |
||||||
|
D'fréier Gemeng Biermereng (orange) am Kanton Réimech (rout) |
|||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
D'Gemeng Biermereng war bis Enn 2011 eng lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Réimech. Si ass dunn, zesumme mat de Gemenge Schengen a Wellesteen, zu der vergréisserter Gemeng Schengen fusionnéiert.
Uertschaften an der fréierer Gemeng
- Biermereng
- Elveng (fr: Elvange)
- Éimereng (fr: Emerange)
- Froumillen
- Weidemillen
Geschicht
Biermereng gouf fir d’éischte Kéier 842 als Boinbringas an engem Dokument vum Keeser Lothar ernimmt. Elweng gouf 739 fir d’éischt Aigevingen genannt. Éimereng gouf 907 fir d’éischt Ombringas genannt.
Tëschent 1659 an 1769 war Biermereng ënner franséischer Herrschaft, zesummen ë. a. mat Munneref, Duelem a Bus, am Géigesaz zum Rescht vum Land, wat als Herzogtum Lëtzebuerg (ofwiesselnd ënner spuenescher, franséischer an éisterreichescher Herrschaft) existéiert huet. [1]
Fusioun 2012
De 27. Januar 2010 haten d'Gemengeréit vu Schengen, Biermereng a Wellesteen zougestëmmt, eng Prozedur an d'Weeër ze leeden, fir hir Gemengen ze fusionéieren. Den 10. Oktober 2010 hunn an engem Referenden dozou d'Majoritéit vun de Leit an deeene betraffene Gemengen enger Fusioun 2012 zougestëmmt.[2]
Kuckeswäertes
Kuckt och
- D'Maus Ketti
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Lëtzebuerger Distrikter
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
| Commons: Biermereng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- ↑ Source:Websäit vun der Gemeng Biermereng
- ↑ Zu Schengen ware 55% vun de Leit dofir, zu Biermereng 76% an zu Wellesteen hu 69% mat Jo gestëmmt. Vgl:"Referendum: Fir Fusioun vu Schengen, Wellesteen, Biirmereng." rtl.lu 10.10.2010, 08:40 - Fir d'lescht aktualiséiert: 10.10.2010, 17:54.