Gemeng Déifferdeng
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| An anere Sproochen: |
fr: Differdange de: Differdingen |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Lëtzebuerg | ||||||
| Kanton: | Esch-Uelzecht | ||||||
| Buergermeeschter: | Claude Meisch (DP) | ||||||
| Awunner Gemeng: | 22.219[1] (30.04.2011) |
||||||
| Fläch Gemeng: | 2.215,4995 ha | ||||||
| Koordinaten: | 49° 31' 22" N 05° 53' 20" O |
||||||
|
D'Gemeng Déifferdeng (orange) am Kanton Esch-Uelzecht (rout) |
|||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
Déifferdeng ass eng vun den 106 Gemengen an eng vun den 12 Stied am Groussherzogtum Lëtzebuerg.
Inhaltsverzeechnes |
Uertschaften an der Gemeng [2] [änneren]
- Déifferdeng
- Nidderkuer
- Uewerkuer
- Zowaasch (Lasauvage)
Zu der Gemeng Déifferdeng gehéieren nach folgend Häff a Lieu-diten:
- Vesquenhaff
- Fond-de-Gras (deelweis)
- Maison-Cronière
Geographie [änneren]
D'Gemeng Déifferdeng läit am Südweste vu Lëtzebuerg. Si ass ëmgi vun de Gemenge Péiteng, Nidderkäerjeng a Suessem lëtzebuergersäits an de Gemengen Hussigny-Godbrange a Saulnes franséischersäits.
Geschicht [änneren]
Duerch d'Gesetz vum 4. August 1907 kritt Déifferdeng den Titel "Stad".
Politik [änneren]
De Gemengerot, deen zënter 2011 aus 19 Conseillere besteet, gëtt nom Proporzsystem gewielt. De Schäfferot huet, de Buergermeeschter abegraff, 5 Memberen. Virdru waren et 17 Conseilleren, wouvunner der 4 Member vum Schäfferot waren.[3]
Aktuelle Buergermeeschter ass, zënter 2002, de Claude Meisch (DP).
Zesummesetzung
| Joer | ADR | CSV | DP | gréng | [[KPL | ]] Lénk | LSAP |
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| 1999 | 1 | 4 | 3 | 2 | - | 1 | 6 |
| 2005 | 0 | 3 | 8 | 2 | 0 | - | 4 |
| 2011 | 0 | 3 | 7 | 3 | 1 | 1 | 4 |
Quell: Inneministère / RTL.lu
Buergermeeschteren [änneren]
|
Déifferdenger Fleegeheim a fréier Abtei
|
- 1906 - 1912 : Jean Conzemius
- 1912 - 1935 : Émile Mark
- 1935 - 1938 : Jean-Baptiste Scharlé
- 1938 - 1963 : Pierre Gansen
- 1964 - 1968 : Jean Gallion
- 1969 - 1979 : Joseph Haupert
- 1979 - 1993 : Nicolas Eickmann
- 1994 - 2001 : Marcel Blau
- Zënter 2002 : Claude Meisch
Kuckeswäertes [änneren]
Interkommunal Syndikater [änneren]
D'Gemeng Déifferdeng ass Member vu folgenden interkommunale Syndikater:
Partnerschafte mat auslännesche Stied [änneren]
- Ahlen (Bundesland Nordrhein-Westfalen, Däitschland)
- Chaves (Distrikt Vila Real, Regioun Norden, Portugal)
- Fiuminata (Provënz Macerata, Regioun Marken Italien)
- Lonkech (Departement Meurthe-et-Moselle, Regioun Loutrengen, Frankräich)
- Waterloo (Provënz Wallounesche Brabant, Belsch)
Literatur zum Thema [änneren]
- 100 Joer Déifferdeng, Bäilag vum Tageblatt Nr. 179 vum 3. August 2007, 24 S.
- 100 Joer Stad Déifferdeng, Bäilag vum Wort Nr. 180 vum 4. a 5. August 2007, 48 S.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Déifferdeng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng a Stad Déifferdeng
- Harmonie Municipale Differdange
- Syvicol
- Train 1900
- TICE
Referenzen [änneren]
- ↑ Source: Gemeng; no: Lëtzebuerger Land Nr.20/20. Mee 2011, S.7.
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ Lëtz. Land 20.5.2011, S.7.
Beetebuerg | Déifferdeng | Diddeleng | Esch-Uelzecht | Fréiseng | Keel | Leideleng | Monnerech | Péiteng | Reckeng op der Mess | Réiser | Rëmeleng | Schëffleng | Suessem