Gemeng Duelem
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| An anere Sproochen: |
fr: Dalheim de: Dalheim |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Gréiwemaacher | ||||||
| Kanton: | Réimech | ||||||
| Buergermeeschter: | Joseph Heisbourg | ||||||
| Awunner Gemeng: | 2.011 (2.12.2008) |
||||||
| Fläch Gemeng: | 1.898 ha | ||||||
| Koordinaten: | 49° 32' 29" N 06° 15' 28" O |
||||||
|
D'Gemeng Duelem (orange) am Kanton Réimech (rout) |
|||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
Duelem ass eng vun den 106 Gemengen am Groussherzogtum Lëtzebuerg am Kanton Réimech.
Inhaltsverzeechnes |
Uertschaften an der Gemeng [änneren]
Geographie [änneren]
Duerch d'Gemeng féiert Dräikantonstrooss tëscht den Uertschafte Bus a Fëlschdref.
D'Uertschaft Duelem läit am Dall vun der Schleebaach.
Geschicht [änneren]
De Wopen [änneren]
Beschreiwung am Originaltext:
Tranché de gueules à un monde d'or sommé d'une aigle romaine du même, et d'azur à deux bars adossés d'argent; à une crosse du même garnie d'or, posée en bande et brochant sur la partition.
De Wope gouf vum Duelemer Gemengerot de 15. Dezember 1983 ugeholl, an duerch en Arrêté ministériel vum 4. Abrëll 1984 agreéiert. D'Publikatioun war am Mémorial B vun 1984 op der Säit 478. De Projet war vum Marcel Lenertz 1983.
De Wope vun Duelem erzielt d'Vergaangenheet vun Duelem. Den Adler op der Weltkugel erënnert un d'Réimer, déi hir Spuren do hannerlooss hunn. Déi zwéi Baarwe kommen aus dem Wope vun den Häre vu Buerg-Rëttgen (d'azur à deux bars adossés d'argent) déi zu Duelem, Fëlschdref a Welfreng Vogt a Riichter gespillt hunn. Den Abtstaf erënnert drun datt d'Abtei Sankt-Maximäin eng Zäit am Bësetz vun den dräi Uertschafte war.
D'Réimerduerf [änneren]
Nodeems op Loftbiller vun Duelem aus dem Joer 1976 Iwwerreschter vun enger antiker Siidlung entdeckt goufen, hunn 1977 déi éischt Ausgruewungen ugefaangen, an et gouf e ganzt Duerf fonnt. Et handelt sech dobäi ëm eng Tëschestatioun un der Réimerstrooss vun Tréier op Metz, wou d'Reesender an hir Päerd eng Paus aleeë konnten oder d'Päerd konnte getosch ginn. Et gouf och e Koup Statuen an Tounmaterial fonnt, wouvun der haut e puer am Louvre zu Paräis ausgestallt sinn.
Den Amphitheater [änneren]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Gallo-réimeschen Theater vun Duelem ![]()
Bei den Terrassementsaarbechte fir e Stall vun engem Duelemer Bauer südlech vum Vicus goufen 1986 d'Iwwerreschter vun engem Amphitheater fonnt, dee Plaz fir ca. 4000 Leit gebueden huet. Haut kann ee genee erkenne wéi den Theater deemools ausgesinn huet. An der direkter Ëmgeigend goufen nach aner Bauwierker fonnt, z. B. d'Reschter vun engem Haus vun engem Bierger, dat fir den Theater huet missen ofgerappt ginn. E Problem hat dat Ganzt awer mat sech bruecht, an zwar datt genee an der Mëtt vum Theater eng Strooss gebaut gouf, ënner där d'Waasserversuergung vun Duelem leeft.
D'Griewer an d'Tempelen [änneren]
An de Joren 1982-1998 goufen zu Duelem och nach Iwwerreschter vu réimesche Griewer a vun engem Tempel fonnt.
Réimermonument "Den Adler" [änneren]
Tëscht dem Theater an dem Vicus gouf e Monument mat dem Numm "Den Adler" opgeriicht. Et ass eng héich Sail, op där en Adler sëtzt, deem säi Kierper a Richtung Vicus, an de Kapp a Richtung Metz (Réimerstrooss) kuckt. D'Monument gouf grad sou wei d'Kierch zu Duelem am Zweete Weltkrich bombardéiert, an et gouf eréischt 1957 erëm opgeriicht.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Réimermonument Duelem ![]()
Politik [änneren]
Buergermeeschter ass zënter dem November 2011 de Joseph Heisbourg. Seng Virgängerin am Amt war d'M.-A. Mousel-Schmit (DP).
Kuckeswäertes [änneren]
- D'Gemeng zu Duelem, e modernt Gebai.
- De gallo-réimeschen Theater
- D'Réimermonument mam Adler
- De Kiem
- De réimesche Meilesteen, am Bësch tëscht Duelem a Méideng
- D'Réimerduerf
- D'Kierch vun Duelem
- D'Kierch vu Fëlschdref
- D'Straussefarm zu Fëlschdref
Veräiner [änneren]
- Fanfare Gemeng Duelem
- Duelemer Guiden a Scouten Hl. Mäerten
- FC Les Aiglons Duelem
- Chorale Mixte Kiischtebléien
- Fräiwelleg Pompjeeë Fëlschdref
- Fräiwelleg Pompjeeën Duelem-Welfreng
- Elterevereenegung Gemeng Duelem
- Cercle Avicole Dalheim
- Ricciacus Frenn Duelem
- Fraen a Mammen Duelem
- Club des Jeunes Dalheim
- Chorale Mixte Filsdorf
- Chorale Mixte Welfrange
- CTF Filsdorf
- J.A.C Filsdorf
- LCGB Sektioun Duelem
- Amiperas Duelem
- Aikido-Club (Opgeléist)
Interkommunal Syndikater [änneren]
D'Gemeng Duelem ass Member vu folgenden interkommunale Syndikater:
Literatur [änneren]
- Victor Loos, Duelem - Band 1 - "Eis Kiirch", Conseil de la Fabrique d'Eglise de Dalheim, Duelem, 1993
- Robert Vandivinit, Gust Linden, Sandy Linden, Aloyse Estgen, Victor Loos, "Vu Ricciacus via Dalahem op Duelem", Fanfare Gemeng Duelem, ISBN 2-87996-944-1
Kuckt och [änneren]
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Duelem

- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Lëtzebuerger Distrikter
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Duelem – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Gemeng Duelem
- Privat Websäit iwwert d'Gemeng Duelem
- Websäit vun den Duelemer Guiden a Scouten (LGS)
- Pompjeeën Duelem-Welfreng
- Syvicol
- Websäit vun de Ricciacus Frënn Duelem
- Websäit vum Club des Jeunes Duelem
Bus | Duelem | Lenneng | Munneref | Réimech | Schengen | Stadbriedemes | Waldbriedemes |