Gemeng Feelen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Feelen
Detailer
An anere
Sproochen:
fr: Feulen
de: Feulen
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Distrikt: Dikrech
Kanton: Dikrech
Buergermeeschter: Fernand Etgen (DP)
Awunner Gemeng: 1.590
()
Fläch Gemeng: 2274,6780 ha
Koordinaten: 49° 51' 17" N
06° 02' 38" O
D'Gemeng Feelen (orange) am Kanton Dikrech (rout)
D'Gemeng Feelen (orange)
am Kanton Dikrech (rout)
Uertschaften - Gemengen - Stied

Feelen ass eng vun den 106 lëtzebuergesche Gemengen.

Inhaltsverzeechnes

Uertschaften an der Gemeng [1] [änneren]

Déi zwou Uertschafte sinn och identesch mat den zwou Kadastersektioune vun der Gemeng déi folgend Flächen hunn:

  • A de Nidderfeulen: 1437,4518 ha
  • B d'Oberfeulen: 837,2262 ha

Zu der Gemeng Feelen gehéieren nach folgend Häff a Lieu-diten:

Geschicht [änneren]

Am Joer 963 huet den Ardennergrof Siegfried Lännereien zu Viulna (Feelen) géint de Bockfiels getosch.

Duerch Gesetz vum 20. Januar 1874 goufen den 1. Januar 1875 d'Uertschaften Uewermäerzeg an Ënnermäerzeg vun der Gemeng Feelen ofgetrennt fir déi selbstänneg Gemeng Mäerzeg ze bilden.[2]

Kuckeswäertes [änneren]

D'Gemengeblat [änneren]

D'Gemengeblat heescht De Louschlëssel

Feelener Pompjeeën [änneren]

Den 19. November 2004 gouf zu Nidderfeelen dat neit Pompjeesgebai ageweit. Datt et dozou koum, war der Fusioun ze verdanken, déi et erlaabt huet, d'Pompjeeswiesen ze zentraliséieren. Nodeems déi Nidderfeelener Pompjeeën mat deene vun Uewerfeelen fusionéiert haten, konnt deen neie Corps Pompjeeën Feelen gegrënnt ginn. Fir bal annerhallef Millioun Euro gouf en neit Gebai opgeriicht mat véier Stellplaze fir Gefierer, e modernen Instruktiounssall, e Büro, eng kleng Kiche, en Otemschutzraum mat Fëllméiglechkeet fir d'Pressloftfläschen, en Depot fir Material a getrennte Sanitäranlagen.

An fir datt de Corps soll uerdentlech equipéiert sinn, krut en en neien TLF. Et ass en TLF 2000 STAA (Staffel-Allrad-Autmatik), dee bis zu 2.000 Liter Waasser an 200 Liter Läschschaum gelueden huet. De Won weit 11.580 Kilo, huet Plaz fir sechs Persounen an enger Duebelequippekabinn. Vir ass en ausstafféiert mat enger Buedemsprutzanlag. E Liichtpotto fir nuets an eng Ariichtung fir Schnellugrëff an zwéin integréiert Optemschutzapparaten an der Kabinn huet en och. Well déi staatlech Instanzen an dësem Fall et net fir néideg fonnt haten, fir de Won (270.000 €) ze subventionéieren, huet d'Gemeng dat eleng gedroen.

Den 22. Oktober 2005 krut de Corps en neien Asazwon, e Pick-Up.

Interkommunal Syndikater [änneren]

D'Gemeng Feelen ass Member vu folgenden interkommunale Syndikater:

Literatur [änneren]

  • Decker, François, 1963. Feulen: 963-1963. Beitrag zur tausendjährigen Geschichte der Pfarrei und der Gemeinde., Sankt-Paulus-Druckerei, 1963, 436 S.

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Feelen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [änneren]

  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  2. Loi du 20 novembre 1874, détachant de la commune de Feulen les deux sections de Mertzighaut et Mertzig-bas et les érigeant en commune séparée sous le nom de Mertzig, publizéiert am Mémorial N° 34, Éischten Deel, vum 21. November 1874, Ss. 321-322 (Link)