Gemeng Fréiseng

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Fréiseng
Detailer
An anere
Sproochen:
fr: Frisange
de: Frisingen
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Distrikt: Lëtzebuerg
Kanton: Esch-Uelzecht
Buergermeeschter: Marie-Louise Aulner
Awunner Gemeng: 3.797
(2008 [1])
Fläch Gemeng: 1.842,92 ha
Koordinaten: 49° 30' 57" N
06° 11' 16" O
D'Gemeng Fréiseng (orange) am Kanton Esch (rout)
D'Gemeng Fréiseng (orange)
am Kanton Esch (rout)
Uertschaften - Gemengen - Stied

D'Gemeng Fréiseng ass eng vun den 106 lëtzebuergesche Gemengen. Haaptuert, no deem se genannt gëtt, ass Fréiseng.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Uertschaften an der Gemeng [2]

[änneren] Geographie

D'Gemeng Fréiseng läit am Süde vu Lëtzebuerg a gehéiert zum Kanton Esch-Uelzecht. D'Nopeschgemengen vu Fréiseng si Réiser, Weiler-la-Tour an Duelem. Am Süde grenzt Fréiseng un dat franséischt Departement Moselle (Loutrengen). D'Landschaft vun der Gemeng besteet gréisstendeels aus Wisen a Felder, vereenzelt awer och Bëscher. D'Albaach eng vun de Quellbaache vun der Gander entspréngt bei Helleng, fléisst a Richtung Osten duerch Fréiseng an Uespelt .

Duerch d'Gemeng Fréiseng leeft d'Nationalstrooss N3 déi op hirer ganzer Längt zu der Voie de la Liberté gehéiert, an d'Saarbréckener Autobunn.

[änneren] Geschicht

[änneren] Politik

De Gemengerot vu Fréiseng gëtt zënter 2011 nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.

Buergermeeschtesch ass zënter dem November 2011 d'Marie-Louise Aulner. Hire Virgänger war de Claude Wiltzius.

Zesummesetzung

Joer CSV LSAP Är Equipe
2011 4 2 5

Quell: Inneministère / RTL.lu

[änneren] De Wopen

Iwwer de Wope vun der Gemeng gouf am Gemengerot den 18. Mee 1981 ofgestëmmt, an e gouf den 18. August datselwecht Joer vum Minister agreéiert. D'Publikatioun war am Mémorial B vun 1981 op der Säit 1099, an e Rectificatif stoung am Mémorial B 1982 op der Säit 368.

Beschreiwung am Originaltext:

Tiercé en pairle; à dextre d'azur à la demi-aigle d'argent, à senestre d'or à la demi-aigle de sable, au chef du même chargé de deux crosses d'abbé adossées mises en pal, mouvant de la partition, celle de dextre d'or, celle de senestre d'argent.

[änneren] Kuckt och

Gemeng Fréiseng

[änneren] Um Spaweck

Commons: Fréiseng – Biller, Videoen oder Audiodateien
Kierch Fréiseng


[änneren] Referenzen

  1. Websäit vun der Gemeng Standpunkt 31.12.2008, gekuckt den 13. September 2009
  2. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen