Gemeng Heischent

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Heischent
Detailer
An anere
Sproochen:
fr:Heiderscheid
de:Heiderscheid
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Distrikt: Dikrech
Kanton: Wolz
Awunner Gemeng: 1370
(2007)
Fläch Gemeng: 3.264,5439 [1] ha
Koordinaten: 49° 53' 16" N
05° 58' 39" O
Lag vun der fréierer Gemeng Heischent (orange)am Kanton Wolz (rout).
Lag vun der fréierer Gemeng Heischent (orange)
am Kanton Wolz (rout).
Uertschaften - Gemengen - Stied

D'Gemeng Heischent war bis den 31. Dezember 2011 eng lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Wolz. Haaptuert war d'Uerschaft Heischent. Zënterhier huet Heischent, wéi och d'Gemeng Néngsen, an Esch-Sauer zu der neier Gemeng Esch-Sauer fusionnéiert.

D'Gemengenhaus stoung zu Eschduerf (an ass haut d'Gemengenhaus vun der Gemeng Esch-Sauer).

Inhaltsverzeechnes

Uertschaften an der fréierer Gemeng [änneren]

Gemengewalen [änneren]

1993 [änneren]

Gemengewale vun 1993:

  • Sektioun Eschduerf: Nico Brack, Robert Everling, Sonja Muller, Marco Schank
  • Sektioun Heischent: René Bissen, Paul Brack a Julien Turpel
  • Sektioun Merscheet: Lucien Eicher
  • Sektioun Toodler/Réngel: Jean Glodé

1999 [änneren]

Gemengewale vun 1999:

  • Sektioun Eschduerf: Nico Brack, Robert Everling a Marco Schank
  • Sektioun Heischent: René Bissen, Paul Brack, Marc Lahire a Julien Turpel
  • Sektioun Merscheet: Lucien Eicher
  • Sektioun Toodler/Réngel: Jean Glodé

Well de Marc Lahire aus der Gemeng Heischent geplënnert ass, gouf hien duerch den Henri Léon Kloos ersat, dee bei Komplementarwale vum 9. November 2003 déi meeschte Stëmme krut. Eng Ofännerung vum Walgesetz huet ënner anerem mat sech bruecht datt et keng Sektiounen a kee Ballotage méi bei de Gemengewale gëtt.

2005 [änneren]

Bei de Gemengewale vum 9. Oktober 2005 si folgend Leit an den Heischter Gemengerot gewielt ginn: Marc Binsfeld, Nico Brack, Robert Everling, Christiane Ferber (bestuet Weiler), Rom Grethen, Marco Schank, John Sliepen, Jules Turpel an Emile Zeien.

Buergermeeschtere vun der fréierer Gemeng Heischent [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Referenzen [änneren]

  1. D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi se an dësem Artikel stinn enspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.