Gemeng Hesper

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Hesper
Detailer
An anere
Sproochen:
fr: Hesperange
de: Hesperingen
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Distrikt: Lëtzebuerg
Kanton: Lëtzebuerg
Buergermeeschter: Marc Lies (CSV)
Awunner Gemeng: 11.323
(2007)
Fläch Gemeng: 2.722 ha
Koordinaten: 49° 34' 23" N
06° 09' 19" O
D'Gemeng Hesper (orange) am Kanton Lëtzebuerg (rout)
D'Gemeng Hesper (orange)
am Kanton Lëtzebuerg (rout)
Uertschaften - Gemengen - Stied

D'Gemeng Hesper ass eng vun den 106 lëtzebuergesche Gemengen.

Inhaltsverzeechnes

Uertschaften an der Gemeng [1] [änneren]

Zu der Gemeng Hesper gehéieren nach folgend Häff a Lieu-diten:

Geschicht [änneren]

D'Gemeng Hesper gouf 1795 ënner dem franséische Regime ageriicht an huet deemools aus de Sektiounen Hesper an Izeg bestanen. Den 2. Januar 1853 hu sech dunn d'Gemengen Alzeng an Heper zesummegedoen fir déi haiteg Gemeng ze bilden. Tëscht 1795 an 1802 war Hesper Chef-lieu vun engem Kanton [2] mat Friddensgeriicht, an tëscht 1818 an 1831 nach eng Kéier ënner dem Wëllem I.

An der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert huet d'Gemeng, sou wéi vill anerer e wirtschaftlechen an industriellen Essor gehat, a war eng Zäit laang un zwou Eisebunnsstrecken ugeschloss, an zwar vun 1822 bis 1955 un d'Sekundärstreck Lëtzebuerg-Réimech mat Garen zu Hesper an zu Alzeng, an un d'Streck Lëtzebuerg-Beetebuerg mat enger Gare zu Fenteng déi vun 1859 bis 1877 a Betrib war.

De 16. September 1992 gouf um Terrain vum fréieren Urbéngs-Schlass dat neit Gemengenhaus mat engem Areal vun 13 ha Gréngflächen ageweit.

Politik [änneren]

De Gemengerot vun Hesper gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus zënter 2005 aus 15 Conseilleren zesummen.

Zesummesetzung

Joer CSV DP gréng LSAP Lénk
1999 7 5 1 1 0
2005 6 4 3 2 -
2011 7 4 3 1 0

Quell: Inneministère / RTL.lu

Partnerschaft mat enger auslännescher Stad [änneren]

Interkommunal Syndikater [änneren]

Kuckeswäertes [änneren]

Veräiner [änneren]

Vue op d'Gemengenhaus

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Hesper – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen [änneren]

  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  2. Roland Schumacher, in: Fédération Nationale de la Mutualité Luxembourgeoise, brochure de l'Assemblée Générale Statuaire 1996 (samedi, 27 avril 1996, salle "Amiperas" à Hesperange), Luxembourg 1996, S. 4 (leicht korrigierte Fassung).