Gemeng Iermsdref

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Iermsdref
Detailer
An anere
Sproochen:
fr:Ermsdorf,
de: Ermsdorf
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Distrikt: Dikrech
Kanton: Dikrech
Awunner Gemeng: 906
()
Fläch Gemeng: 2 409 ha
Koordinaten: 49° 49' 42" N
06° 13' 18" O
D'fréier Gemeng Iermsdref (orange) am Kanton Dikrech (rout)
D'fréier Gemeng Iermsdref (orange)
am Kanton Dikrech (rout)
Uertschaften - Gemengen - Stied

D'Gemeng Iermsdref war eng fréier lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Dikrech, déi bis Enn 2011, wéi se mat der Gemeng Miedernach zu der Ärenzdallgemeng fusionnéiert huet, bestanen huet.

Inhaltsverzeechnes

Uertschaften déi zu der Gemeng gehéiert hunn[1] [änneren]

Zu der Gemeng Iermsdref hunn och nach folgend Häff a Lieu-dite gehéiert:

Geschicht [änneren]

Den 21. Mäerz 2010 hunn d'Bierger vun de Gemengen Iermsdref a Miedernach an engem Referendum sech z'iwwer 83% fir dës Fusioun ausgeschwat. No dem Vote vum Gemengerot de 6. Abrëll 2010 war d'Entscheedung definitiv: d'Fusiounsgemeng sollt Ärenzdall heeschen an ab dem 1. Januar 2012 bestoen.

De Wopen [änneren]

De Wope vun der Gemeng gouf den 9. September 1985 am Gemengerot ugeholl, an agréeiert duerch ministerielle Beschloss vum 7. Mee 1986. De Projet vum Wopen ass vum Marcel Lenertz.

Beschreiwung vum Wopen am Originaltext:

Burelé d' or et d' azur à la croix ancrée de gueules, chargée d'une croix alésée d'argent et accompagnée de trois fleurs de lis de sable, deux en chef, une en pointe.

De Wopen ass zesummegesat aus de Wope vun den Härschaften déi Meeschter iwwer d'Dierfer aus der Gemeng waren.

Déi gëllen a blo Sträife sinn aus dem Wope vun der Vogtei vun Dikrech zu där Iermsduerf gehéiert huet, d'Ankerkräiz, kënnt aus dem Wope vun den Hären aus der Fiels, deene Steeën gehéiert huet, dat sëlwer Kräiz ass vun der Abtei Iechternach, zu där Eppelduerf gehéiert huet, an déi dräi Lilie sinn aus dem Wope vun den Häre vu Folkendeng.

Veräiner an der Gemeng [änneren]

  • D'Steeëner Pompjeeën
  • D'Eppelduerfer Pompjeeën
  • De Club des Jeunes vu Steeën
  • D'Eppelduerfer Jugend
  • D'Iermsdrefer Fliedermais
  • De Club des Jeunes vun Iermsdref

Gemengeblat [änneren]

D'Gemengeblat vun "Iermsdref" housch "De Bannhidder". == Syndikater ==war D'Gemeng Iermsdref Member a folgende Sydikater:

Bibliographie [änneren]

  • Iermsdrëfer Uergel : geweiht den 21. Oktober 2001. - Ermsdorf : Iermsdrëfer Uergelfrënn, [2001] (Bertrange : Rapidpress). - 83 p. : ill. ; 21 cm

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Iermsdref – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [änneren]

  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.