Gemeng Ierpeldeng

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Ierpeldeng
Detailer
An anere
Sproochen:
fr: Erpeldange
de: Erpeldingen
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Distrikt: Dikrech
Kanton: Dikrech
Buergermeeschter: André Bauler (DP)
Awunner Gemeng: 2.324 [1]
(01.01.2012)
Fläch Gemeng: 2.841 ha
Koordinaten: 49° 51' 46" N
06° 06' 46" O
D'Gemeng Ierpeldeng (orange)am Kanton Dikrech (rout)
D'Gemeng Ierpeldeng (orange)
am Kanton Dikrech (rout)
Uertschaften - Gemengen - Stied
Schlass Ierpeldeng
Ierpeldeng

D'Gemeng Ierpeldeng ass eng vun den 106 lëtzebuergesche Gemengen. Ierpeldeng ass mat Bettenduerf, Dikrech, Ettelbréck a Schieren de Kär vun der Nordstad.

Inhaltsverzeechnes

Uertschaften an der Gemeng[änneren]

Geographie[änneren]

D'Gemeng Ierpeldeng läit zum groussen Deel am Sauerdall am Zentrum vun der Nordstad, net wäit vun Ettelbréck an Dikrech, op enger Héicht vun ca. 190 bis 450 m iwwer NN: (Bierden 400 m, Ierpeldeng 202 m, Angelduerf 195 m).

Nopeschgemenge sinn d'Gemenge Buerschent an Tandel am Norden, Dikrech am Osten, Schieren an Ärenzdall am Süden an Ettelbréck am Westen.

D'Sauer leeft vu Norden no Süden an dann am südlechen Deel vun der Gemeng no Oste weider.

Verkéiersubannung[änneren]

Wichtegst Stroosseverbindunge sinn d'B7, d'N7, d'N27 an d'N27A. Ausserdeem lafen nach d'Chemin reprisen 348, 348A, 351 an 359 duerch d'Gemeng.

D'Eisebunnsstreck Ettelbréck-Dikrech duerchleeft d'Gemeng am südlechen Deel, wou se parallel zur Sauer, zur N7 an zur Uertschaft Angelduerf geet.

Geologie[änneren]

Geologesch läit d'Uertschaft op der Linn, déi d'Devon-Schichte vun den Ardennen am Norden (Éislek) vun den Trias-Schichten am Süden (Guttland) trennt. Domat gëtt et an der Gemeng Ierpeldeng déi Besonnechkeet, dat eng Sektioun (Bierden) komplett am Éislek, eng genee op der Grenz (Ierpeldeng) an eng Sektioun ganz am Guttland läit (Angelduerf).

Geschicht[änneren]

No der franséischer Revolutioun, wéi Lëtzebuerg Deel vum Département des Forêts gouf, koum eng nei Zivil-Organisatioun. Ënner anerem goufe 1795 d'Gemengen (Communes) agefouert, déi den ale Feudalsystem ersat hunn. Ierpeldeng gouf eng Sektioun vun der Gemeng Dikrech. 1823 koum eng Revisioun vun de Gemengen, wou dunn Ierpeldeng, zesumme mat Angelduerf, an d'Gemeng Ettelbréck agegliddert gouf.

Duerch e Gesetz vum 22. Januar 1850, an op Wonsch vun der Populatioun, ass Ierpeldeng eng eegestänneg Gemeng gi mat zwou Sektiounen: Ierpeldeng an Angelduerf. Bierden koum den 1. Januar 1907 als drëtt Sektioun dobäi (virdru war et Gemeng Ettelbréck).

Kuckeswäertes[änneren]

Literatur[änneren]

  • Michel Wilhelm, 2002, 150 ans de la commune d’Erpeldange, Administration Communale Erpeldange, Impr. du Nord, 60 S.


Kuckt och[änneren]

Um Spaweck[änneren]

Commons: Ierpeldeng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren]