Gemeng Klierf
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| An anere Sproochen: |
fr: Clervaux de: Klerf |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Dikrech | ||||||
| Kanton: | Klierf | ||||||
| Buergermeeschter: | Emile Eicher | ||||||
| Awunner Gemeng: | 4.715 (01.01.2013) |
||||||
| Fläch Gemeng: | 8.560,96 ha | ||||||
| Koordinaten: | 50° 03' 17" N 06° 01' 46" O |
||||||
|
D'Gemeng Klierf (orange) am Kanton Klierf (rout) no der Gemengefusioun |
|||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
D'Gemeng Klierf, fir d'Awunner Cliärref, ass eng vun den 106 lëtzebuergesche Gemengen. Haaptuert ass Klierf.
Inhaltsverzeechnes |
Uertschaften an der Gemeng [änneren]
- Draufelt (Drauffelt)
- Eeselbur (Eselborn)
- Fëschbech (Fischbach)
- Grandsen (Grindhausen)
- Hengescht (Heinerscheid)
- Hëpperdang (Hupperdange)
- Ischpelt ( Urspelt)
- Kaalber (Kalborn)
- Klierf (Clervaux)
- Léiler (Lieler)
- Maarnech (Marnach)
- Mecher (Mecher/Clervaux)
- Munzen (Munshausen)
- Reiler (Reuler)
- Rueder (Roder)
- Siwwenaler (Siebenaler)
- Wäicherdang (Weicherdange)
Dozou gehéieren och nach:
- Fossenhaff
- Kéisfuert (Kaesfurt)
- Kaalber Millen
- Kaaspelt
- Kirelshaff
- Lausduer (Lausdorn)
- Tëntesmillen (Tintesmühle)
Schoulinfrastruktur [änneren]
D'Kanner vun der Gemeng Klierf ginn an d'Grondschoul zu Reiler.
Gemengefusioun 2012 [änneren]
Am Joer 2002 hunn d'Schäfferéit vun de Gemenge Klierf, Hengescht a Munzen sech bei deem deemolegen Inneminister Michel Wolter fir eng méi enk Zesummenaarbecht staark gemaach. De 4. Mee 2006 hunn déi dräi Schäfferéit dem Inneminister hir Absicht matgedeelt fir ze fusionéieren. Doropshi gouf zesumme mam Inneministère en Investitiounsprogramm op d'Bee gesat, deen am Kader vun der Fusioun soll ëmgesat ginn. Et gouf en Informatiounsdokument fir d'Bevëlkerung erstallt, an de Fusiounsprojet gouf de 25. September 2008 a Presenz vum Inneminister Jean-Marie Halsdorf de Leit aus den dräi betraffene Gemengen zu Klierf virgestallt.
Den 12. Oktober 2008 ass an deenen dräi Gemengen e Referendum organiséiert ginn, an dee Referendum ass och zugonschte vun där Fusioun ausgaangen. D'Gemengeréit vu Klierf, Hengescht a Munzen hu sech Enn 2008 definitiv fir déi geplangte Fusioun ausgeschwat an hunn enger entspriechender Konventioun mam lëtzebuerger Staat zougestëmmt. Dës Konventioun gouf de 16. Januar 2009 vun de betraffene Regierungsmemberen ënnerschriwwen.
De 17. Februar 2009 huet den Inneminister de Gesetzesprojet iwwer déi geplangte Fusioun an der Chamber deposéiert. De Staatsrot huet säin Avis den 21. Abrëll 2009 ginn, an d'Gesetz iwwer d'Fusioun vun de Gemenge Klierf, Hengescht a Munzen ass de 7. Mee 2009 eestëmmeg an der Chamber guttgeheescht ginn.
D'Fusioun vun de Gemenge Klierf, Hengescht a Munzen zu enger neier Gemeng mam Numm Gemeng Klierf ass de 5. Dezember 2011 rechtsgülteg gi wéi deen nei gewielte Gemengerot no de Gemengewale vum 9. Oktober 2011 vum Buergermeeschter Emile Eicher vereedegt gouf. De Buergermeeschter an déi dräi Schäffe goufe schonns de 24. November 2011 vum Inneminister Jean-Marie Halsdorf vereedegt a waren domadder am Amt.
Buergermeeschteren [änneren]
- zënter dem 24. November 2011: Emile Eicher
- 02.2007 - 24. November 2011: Yves Arend (CSV)
- 11.2005 - 02.2007: Guillaume Oestreicher
- 2000 - 11.2005: François Stephany
- 1988 - 1999: Aloyse Nosbusch
- 1976 - 1987: Michel Wehrhausen
- 1970 - 1975: Bernard Dedoyard
- 1964 - 1969: Georges Wagner
- 1946 - 1963: Jean Peusch
- 1945: Georges Wagner
- 1935 - 1941: Joseph Kratzenberg
- 1927 - 1934: Nicolas Fogen
- 1921 - 1927: Albert Schiltz
- 1918 - 1921: Johann Peter Jonas
- 1895 - 1917: Émile Prüm
Veräiner [änneren]
Kuckeswäertes [änneren]
- d'Schlass Klierf
- am Schlass d'Ausstellung "The Family of Man", déi vum Edward Steichen zesummegestallt gi war.
- am Schlass de Musée iwwer den Zweete Weltkrich
- am Schlass d'Maquettë vu Lëtzebuerger Buergen a Schlässer
- d'Benediktinerabtei Klierf
- d'Monument vum Klëppelkrich
- d'Loretokapell zu Klierf
- d'Schlass Ischpelt
- de Fräiliichtmusée "A Robbesscheier"
- d' Parkierch vu Munzen (13. Joerhonnert bis 18. Joerhonnert)
- de Cube 521 zu Maarnech
- Zwou bemierkenswäert Eechen zu Munzen
Interkommunal Syndikater [änneren]
D'Gemeng Klierf ass Member vu folgenden interkommunale Syndikater:
Kuckt och [änneren]
- Naturpark Our
- Islek ohne Grenzen EWIV
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Klierf

- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Lëtzebuerger Distrikter
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Klierf – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Ëlwen | Parc Housen | Klierf | Wäisswampech | Wëntger