Gemeng Konsdref

Vu Wikipedia
Konsdref
d'Gemengenhaus
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Consdorf
de: Konsdorf
Land Lëtzebuerg
Kanton Iechternach
Chef-lieu Konsdref
Buergermeeschter Marco Bermes
Awunner 2.117
  1. Januar 2023
Fläch 2.572 ha
Héicht 354 m
Koordinaten 49° 46’ 48’’ N
      06° 20’ 17’’ O
LAU-Code LU1004
Websäit http://www.consdorf.lu/
D'Gemeng Konsdref (orange)
am Kanton Iechternach (rout)
D'Kierch vu Konsdref

D'Gemeng Konsdref ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Iechternach. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Konsdref vun där se och hiren Numm huet.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Konsdref läit op zirka 350 m am Oste vum Lëtzebuerger Land, am Kanton Iechternach, am Zentrum vun der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz. Nopeschgemenge si Bäerdref am Norden, Bech a Jonglënster am Süden, Hiefenech a Waldbëlleg am Westen an Iechternach am Osten.

Mam Zil vun enger administrativer Vereinfachung gouf d'Grenz tëscht de Gemenge Bäerdref a Konsdref mam Gesetz vum 27. Juli 2022 ugepasst[1]. D'Uertschaft Kalkesbaach déi virdrun um Gebitt vun de zwou Gemeng louch, gehéiert zanterhier ganz zur Gemeng Bäerdref. Duerch den Tosch vun de Parzellen ass d'Fläch vun der Gemeng Konsdref ëm 9,20 Ar méi kleng ginn.

Uertschaften an der Gemeng[2][änneren | Quelltext änneren]

Zu der Gemeng gehéieren nach follgend Häff a Lieu-diten:

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Prehistoresch a réimesch Reschter déi fonnt goufen, loossen drop schléissen, datt Konsdref an engem ale Siidlungsgebitt läit. Konsdref gëtt a verschiddenen Dokumenter aus dem éischte Joerdausend schonn ernimmt: 816 als "Cunolphi Villa", 953 als "Conolfi Villa". Ëm 1600 fanne mer d'Bezeechnung "Consturf".

D'Uertschaft huet zum eelste Besëtz vun der Tréierer Abtei Oeren gehéiert a war bis zur Franséischer Revolutioun Zentrum vun der Oerener Grondherrschaft an dëser Géigend. D'Existenz vun enger Parkierch zu Konsdref ass eréischt 1229 nozeweisen, mä Historiker datéieren den Urspronk vun der Par Konsdref ëm d'Joer 700.

Entwécklung vun der Awunnerzuel[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC

Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäert ass ënner anerem d'Parkierch aus dem 18. Joerhonnert mat hirem goteschen Tuerm aus dem 12./13. Joerhonnert an dem Altor mat der Bartholomäus-Statu. Konsdref läit an der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz, a bitt eng ganz Rei vu schéine Promenaden duerch d'Bëscher, mat villen Aussiichtspunkte mat Vue op de Sauerdall an de Mëllerdall, an zitt dofir virun allem am Juli/August eng ganz Rëtsch vun Touristen un. D'Géigend zeechent sech besonnesch duerch aussergewéinlech Fielsformatiounen aus, laanscht déi d'Spadséierweeër féieren, wéi z. B. d'"Kuelscheier" oder d'"Goldfralay".

Pompjeeën[änneren | Quelltext änneren]

De Konsdrëffer Pompjeescorps besteet aus 40 aktive Pompjeeën am Alter tëscht 16 a 65 Joer.

2012 besteet hire Fuerpark aus 5 Gefierer:

Persounen aus der Gemeng Konsdref[änneren | Quelltext änneren]

Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Konsdref ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Konsdref – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Loi du 27 juillet 2022 portant changement de limites entre la Commune de Berdorf et la Commune de Consdorf. legilux.public.lu. Legilux (27.07.2022). Gekuckt de(n) 04.09.2022.
  2. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  3. (fr)Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins. mint.gouvernement.lu (05.07.2023). Gekuckt de(n) 05.07.2023.