Gemeng Konter
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| An anere Sproochen: |
fr: Contern de: Konter |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Lëtzebuerg | ||||||
| Kanton: | Lëtzebuerg | ||||||
| Buergermeeschter: | Guy Lorent (DP) | ||||||
| Awunner Gemeng: | 3.497 [1] (01.01.2012) |
||||||
| Fläch Gemeng: | 2.055 ha | ||||||
| Koordinaten: | 49° 35' 6" N 6° 13' 37" O |
||||||
| D'Gemeng Konter (orange) am Kanton Lëtzebuerg (rout) | |||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
Konter ass eng vun den 106 lëtzebuergesche Gemengen. Haaptuert ass Konter.
Inhaltsverzeechnes |
Geographie [änneren]
D'Gemeng Konter läit südëstlech vun der Stad Lëtzebuerg op enger Héicht tëschent ca. 255 an 340 m iwwer NN.
Nopeschgemenge si Sandweiler a Schëtter am Norden, Lenneng a Waldbriedemes am Osten, Duelem a Weiler zum Tuerm am Süden an Hesper am Westen.
D'Baach Sir leeft vu Südwesten no Nordosten queesch duerch d'Gemeng.
Uertschaften an der Gemeng [änneren]
Häff a Lieu-diten an der Gemeng [änneren]
Industriezon [änneren]
Laanscht den CR234 läit d'Industriezon «Am Weihergewan»
Verkéiersubannung [änneren]
Wichtegst Stroosseverbindunge sinn d'N2 an d'N28. Ausserdeem lafen nach d'Chemin reprisen 132, 153, 226 an 234 duerch d'Gemeng.
D'Eisebunnsstrecke Lëtzebuerg-Waasserbëlleg an Alzeng-Éiter duerchlafen d'Gemeng an treffen an der Uertschaft Éiter openeen.
Geschicht [änneren]
Den Numm Konter daucht vir d'éischt an engem Dokument aus dem Joer 879 op. An enger Bull vum Poopst Honorius II. aus dem Joer 1128 gëtt den Numm déi éischte Kéier offiziell erwähnt. Et gëtt awer keen Zweiwel dat d'Vergaangenheet vu Konter bis a vir-réimesch Zäiten zréckgeet.
Aus der Réimerzäit stamen d'Reschter vun engem Tempel, vun e puer Villen an engem Aquaedukt déi am Zentrum vun der Uertschaft Konter fonnt goufen.
Politik [änneren]
De Gemengerot vu Konter gëtt zënter 2005 nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.
Zesummesetzung
| Joer | CSV | DP | gréng | LSAP |
|---|---|---|---|---|
| 2005 | 3 | 4 | - | 4 |
| 2011 | 4 | 3 | 2 | 2 |
Quell: Inneministère / RTL.lu
Buergermeeschteren [änneren]
- Jean-Pierre Schmitz
- Jean-Marie Mangen (2011-2013)
- Guy Lorent (zënter 2013)
Schoulen [änneren]
D'Gemeng Konter huet eng Zentralschoul mat Sportzentrum fir d'Spillschoul- a Grondschoulklassen (Schoul um Ewent) an der Uertschaft Konter um CR226 (rue de Syren).
Kuckeswäertes [änneren]
Interkommunal Syndikater [änneren]
D'Gemeng Konter ass Member vu folgenden interkommunale Syndikater:
Kuckt och [änneren]
- Fräiwëlleg Pompjeeë Mutfert-Méideng
- Gare Sandweiler-Konter
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Konter

- Bemierkenswäert Beem um Pläitrengerhaff
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Konter – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng Konter
- Websäit vun der Schoul vu der Gemeng Konter
- Syvicol
- Festival de la Bande dessinée zu Konter
- Offiziell Säit vum Club des Jeunes Contern
Referenzen [änneren]
Bartreng | Hesper | Konter | Lëtzebuerg | Nidderaanwen | Sandweiler | Schëtter | Steesel | Stroossen | Walfer | Weiler-la-Tour