Gemeng Lëntgen
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| An anere Sproochen: |
fr: Lintgen de: Lintgen |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Lëtzebuerg | ||||||
| Kanton: | Miersch | ||||||
| Buergermeeschter: | Henri Wurth | ||||||
| Awunner Gemeng: | 2.700 (2012) |
||||||
| Fläch Gemeng: | 1.525 ha | ||||||
| Koordinaten: | 49° 43' 20" N 06° 07' 42" O |
||||||
|
D'Gemeng Lëntgen (orange) am Kanton Miersch (rout) |
|||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
D'Gemeng Lëntgen ass eng vun den 106 lëtzebuergesche Gemengen.
Inhaltsverzeechnes |
Uertschaften an der Gemeng [1] [änneren]
Zur Gemeng gehéiert nach de Plankenhaff.
Geschicht [änneren]
Déi éischt Dokumenter déi d'Uertschaften an der Gemeng nennen si vun 896 fir Lëntgen, 940 fir Gousseldeng an 960 fir Pretten.
Geographie [änneren]
D'Gemeng Lëntgen läit am Dall vun der Uelzecht am Zentrum vum Land am Kanton Miersch. Si huet eng Fläch vun 1524 Hektar, dovunner 760 Hektar Bësch, 600 Hektar landwirtschaftlech genotzte Fläch a 70 Hektar urbaniséiert Fläch.
An der Gemeng ginn et 21,43 Kilometer befestegt Stroossen a Weeër.
Den héchste Punkt läit bei 414 Meter, den déifste Punkt bei 2010 Meter.[2]
Demographie [änneren]
An der Gemeng Lëntgen wunnen 2.700 Leit (Stand: 1. Mäerz 2012), dovunner 2.082 an der Uertschaft Lëntgen, 516 an der Uertschaft Gousseldeng an 102 an der Uertschaft Pretten.[2]
57,4% vun den Awunner si Lëtzebuerger. Déi meeschten Auslänner stellen d'Portugise mat 673 Persounen (25%) an d'Fransouse mat 70 Persounen (2.6%) duer.
| Joer | Lëntgen | Gousseldeng | Pretten | Gemengentotal |
|---|---|---|---|---|
| 1128 | 356 | 67 | 1551 | |
| 577 | 79 | 17 | 672 | |
| 49 | 16 | 5 | 70 | |
| 48 | 10 | 4 | 62 | |
| 44 | 3 | 2 | 49 | |
| 38 | 1 | 0 | 39 | |
| 29 | 8 | 2 | 39 | |
| 21 | 1 | 0 | 22 | |
| 5 | 17 | 0 | 22 | |
| 19 | 1 | 0 | 20 | |
| 15 | 2 | 2 | 19 | |
| 10 | 5 | 0 | 15 | |
| Aner Nationalitéiten | 87 | 17 | 3 | 135 |
| Total | 2082 | 516 | 102 | 2700 |
Buergermeeschteren [3] [änneren]
- 1808-1825 : Ambroise Heuardt
- 1825-1830 : Michel Dondelinger
- 1830-1848 : Henri Klein
- 1848-1849 : Etienne Welter
- 1849-1857 : Henri Witry
- 1858-1861 : Johann Peter Heuardt
- 1861-1866 : Henri Witry
- 1867-1898 : Nicolas Klein
- 1898-1909 : Gérard Schoellen
- 1909-1912 : Nicolas Petges
- 1912-1918 : Pierre Pesch
- 1918-1926 : Antoine Wolff
- 1926-1941 : Albert Stoffel
- 1941-1944 : Adolf Schultz
- 1944-1945 : Albert Stoffel
- 1945-1972 : Jean Donnersbach
- 1973-1986 : Charles Reiffers
- 1987-1991 : Gusty Casagranda
- 1991-1993 : Pierre Weicherding
- Zënter 1994 : Henri Wurth
Interkommunal Syndikater [änneren]
D'Gemeng Lëntgen ass Member vu folgenden interkommunale Syndikater:
Kuckt och [änneren]
- Gare Lëntgen
- Kierch Lëntgen
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Lëntgen

- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Lëntgen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ 2,0 2,1 lintgen.lu: La commune en chiffres (gekuckt den 13. Januar 2013)
- ↑ Lëscht mat de Buergermeeschterem 1908-2008 vum Emile Gruber an der Publikatioun de Gemengebuet. Informatiounsblat vun der Gemeng Lëntgen. – Nr. 10, September 2008, Säit 43
Béiwen-Atert | Biissen | Fëschbech | Fiels | Hiefnech | Kolmer-Bierg | Lëntgen | Luerenzweiler | Miersch | Noumer | Tënten