Mäerzeg

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Gemeng Mäerzeg)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der lëtzebuergescher Gemeng am Kanton Dikrech. Fir déi däitsch Stad am Saarland, kuckt wgl. Merzig.
Mäerzeg
D'Märei vu Mäerzeg (2023)
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Mertzig
de: Mertzig
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Dikrech
Buergermeeschter Mike Poiré
Awunner 2.370
  1. Januar 2023
Fläch 11,10 km²
Héicht 312 m
Koordinaten 49° 49’ 51.92’’ N
      06° 00’ 13.18’’ O
LAU-Code LU0607
Websäit http://www.mertzig.lu

Mäerzeg ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Dikrech. De Chef-lieu vun der Gemeng ass Mäerzeg, déi eenzeg Uertschaft an der Gemeng.

Uertschaften an der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

Mäerzeg ass déi eenzeg Uertschaft an der Gemeng.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Mäerzeg ass déi westlechst Gemeng am Kanton Dikrech. Se grenzt am Norden un d'Gemeng Esch-Sauer, am Nordosten u Feelen, am Südosten un Ettelbréck an, op enger Längt vu knapps 100 m, Colmer-Bierg, am Süden u Viichten an am Westen u Groussbus.

D'Uertschaft läit am Dall vun der Waark, déi vu Südwest no Nordost derduerchleeft. Se deelt d'Uertschaft an Uewer- an Niddermäerzeg, déi fréier getrennt Uertschafte waren. Nërdlech vum Duerf fänken d'Ausleefer vum Éislek un, südlech läit de Butzebierg.

D'Nationalstrooss 21 geet, um lénksen Uwänner vun der Waark, queesch duerch d'Uertschaft. Véier Baache lafen duerch Mäerzeg, d'Waark, d'Turelbaach, d'Bruchbaach an d'Walzerbaach.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Mäerzeg ass zanter dem 1. Januar 1875[1] eng eegestänneg Gemeng. Virun 1875 huet Mäerzeg zu Feelen gehéiert.

Mäerzeg ass fir d'éischt am Joer 762 als Marciaco ernimmt.[2] Aner Nimm sinn, 842 Martiaco, 1476 Mertzzich. Domat ass d'Uertschaft méi al wéi Feelen an ass mat eng vun den eelsten am Land. Op der Ferrariskaart[3] ass Uewermäerzeg eng Uertschaft fir sech, a läit um rietsen Uwänner vun der Waark, och Niddermäerzeg ass als eegestänneg Uertschaft opgefouert, a läit op der lénkser Säit.

An der Feuerstättenzählung vu 1526 gëtt Mäerzeg ënner der Herrschaft Esch-Sauer ernimmt. Overmertzich 7 mesnaiges, Niedermertzich 7 1/2 mesnaiges.[4] Feelen huet do 25 mesnaiges oder Feierplazen. 1611 gouf erëm gezielt.[5] Interessant ass datt an där Zielung Nimm genannt ginn.[6]

Nom Drëssegjärege Krich louch d'Land um Buedem, zerstéiert a geplëmmt vun de kroateschen a polnesche Sëldner, déi de Baueren dat Lescht, wat se nach hate geklaut hunn, a vun der d'Peschtepidemie vu 1636 deziméiert. D'Leit waren aus den Dierfer fortgelaf an hate sech an de Bëscher verstoppt. Wéi 1659 d'Feierplaze erëm gezielt goufen, well d'Seigneure jo erëm Taxen ophiewe wollten, waren d'Dierfer Nidder- an Uewermäerzeg abandonnéiert.[7]

Ëm 1661 haten d'Leit Aarbecht op de Schmelze vu Bissen a Colmer-Bierg, an an de Steekaule vu Mäerzeg. D'Schmelzen hunn och vill auslännesch Spezialisten ugezunn, wéi d'Gilsons vun Habich, deenen hir Nokommen nach haut zu Mäerzeg wunnen, mä och Kuelebrenner aus dem Flammänneschen, wou den Numm Flammang hierkënnt. Mä d'Leit vu Mäerzeg selwer haten d'Kuelebrenne och séier eraus an hunn domat hiert Geld verdéngt. D'Schmelzen hu fir eng Tonn Gosseise siwen Tonnen Holzkuele verbraucht.

Am 17. Joerhonnert huet d'Bevëlkerung haaptsächlech aus Baueren, Doléiner an e puer Handwierker bestanen. Als Betriber hu bis an d'20. Joerhonnert era Millen a besonnesch Steekaulen eng Roll gespillt.

Den Émile Erpelding[8] ernimmt fir Niddermäerzeg eng Uelegmillen an eng Seemillen, déi dem Arthur Weis, an eng See-, Ueleg-, a Loumillen, déi dem Jean-Pierre Speyer gehéiert huet. Fir Uewermäerzeg nennt en nëmmen eng Millen, d'Mielmillen, déi dem Thomas Heiderscheid gehéiert huet. 1845 gouf si vum Antoine Goedert opkaaft. Dee gouf 1848 als Gierwer bezeechent. An de Kadastererklärunge vu 1766 geet vun 8 Loumille rieds.

Um Rand vum Butzebierg louche Steebréch. Am meeschten ofgebaut gouf de roude Sandsteen.Déi eelst bekannt Veraarbechtung vum Mäerzeger Steen ass an der aler Dikrecher Kierch ze fannen, datéiert op d'Joer 1539. Dokumentéiert ass eng Liwwerung vun 10 Trapesteng den 30. September 1633 op Buerschent.[9] Iwwer 70 Leit hunn am 19. Joerhonnert an de Steekaule Seitert, Butzebierg, Latterbaach, Viichterpaad an Zahnerknupp geschafft.

Mat Mäerzeger Stee goufe Fënsterrummen, Trapen, Grafsteng, mä och ganz Gebaier a besonnesch Kierche gebaut, wéi z. B. déi vu Mäerzeg, Ettelbréck an Dikrech, d'Geriicht zu Dikrech, (dës all geplangt vum Louis Dagois), d'Uelzecht-Bréck zu Ettelbréck, an den Hotel Victor-Hugo zu Veianen.[10] De Mäerzeger Steen huet net sou vill Drock ausgehale wéi dee vu Gilsdref, dofir konnte mat him keng grouss Brécke gebaut ginn. Mä duerch seng schéi rout Faarf war e beléift bei den Architekte fir Monumenter, Kierchen, mä och kleng Brécken. Bis op Baaschtnech an Neufchâteau sinn déi Mäerzeger Steng geliwwert ginn.

Mat Mäerzeger Sandstee gebaut:

Mäerzeger Steekaulen

Bei Recherchen zum Familljebuch Mäerzeg[11] fält besonnesch op, datt Steenhaer vu Mäerzeg iwwer 70 Joer al goufen, wougéint déi an de Gilsdrefer Steekaulen an dem selwechten Zäitraum, 1850-1900, meeschtens keng 60 Joer al goufen.

1860 goufen déi éischt Steekaulen zougemaach. Nom Éischte Weltkrich hunn dunn och Steebréch vun Diederich, Wagner an Agnès opgehalen. De Steebroch Gilson huet nach bis nom Zweete Weltkrich funktionéiert. Nom Peter Gilson[12] gebuer 1897 huet säi Papp de Franz Gilson tëscht 1898 an 1900 38 Leit, Steekläpper an Aarbechter ënner Loun gehat. -Zeg Fouerleit haten do och hire Verdéngscht. Fir déi nei Kierch vun Martelange hu missen 200 Kubikmeter gefouert ginn. Och Ueschdref an Eeschpelt krute Steng geliwwert fir de Bau vun hire Kierchen. D'Aarbechter hunn all zu Uewermäerzeg gewunnt, well et vun do méi no war bis an d'Steebréch.

Am Zweete Weltkrich huet Mäerzeg schwéier gelidden. 67 Haiser waren duerch Beschoss schwéier beschiedegt. 10 Haiser ware komplett zerstéiert.[13]

Entwécklung vun der Bevëlkerungszuel[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC

Ee vun de bekanntsten Awunner vu Mäerzeg war de Moler Sosthène Weis. Säin Elterenhaus d'Wäissenhaus ass dat haitegt Gemengenhaus. Do si 6 vu sengen Aquarellen ausgestallt.

All d'Awunner vu Mäerzeg, déi tëscht 1675 an 1923 gebuer sinn, fënnt een um Internet-Site vum Rob Deltgen.[14]

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

Beschreiwung am Originaltext:

d'azur à la bande vivrée d'argent, au flanc senestre l'aigle romaine; au chef d'or chargé de trois pics à pointe "grain d'orge" de sable
A.M. 25. Mee 1960 - Mémorial B 1961, Säit 528 - Projet: P. Gilson 1960

Politik[änneren | Quelltext änneren]

De Gemengerot vu Mäerzeg gëtt nom Majorzsystem gewielt.

Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]

Buergermeeschtere vun der Gemeng Mäerzeg zanter 1875 waren:

  • 1875 - 1888: Pierre Elsen-Maillet
  • 1888 - 1897: Pierre Elsen-Hippert
  • 1897 - 1903: Jean Klensch
  • 1903 - 1908: Nicolas Elsen
  • 1908 - 1912: Jean Klensch
  • 1912 - 1950: Johann Peter Kass
  • 1950 - 1958: Eugen Schrantz
  • 1958 - 1976: Edmond Conzemius
  • 1976 - 1988: Joseph Clees
  • 1988 - 2005: Edy Conzemius [15]
  • 2005 - 2017: Claude Staudt
  • zanter 2017: Mike Poiré

Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

DEA, SICONA-CENTRE, SIDEC, SIDEN, SIGI, SYVICOL

Jumelage[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mäerzeg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gesetz vum 20. November 1875
  2. Joseph Meyers, Studien zur Siedlungsgeschichte Luxemburgs, 1976, S.101.
  3. Atlas Ferraris, Comte de Ferraris. Levée des Pays – Bas Autrichiens. Ed. Bibliothèque royale de Belgique, 1965. Ospern Folio 222.
  4. Jacques Grob, Dénombrements des feux des Duchés de Luxembourg et Comté de Chiny, 1921.
  5. Jules Vannérus,Anciens dénombrements du Luxembourg, BCRH Bruxelles 70 (1901), p.421-476.
  6. Niddermäerzeg: Heintzen Michel, Tilges Claus, Mathis Claus, Clais Gibbert, Heibocks Peter, net taxéiert, well aarm. Motschen Peter, Koeben Jan, Loetschen Peter, Marien Claus. Awunner vun Niddermäerzeg musse fir 3 Feierplaze bezuelen. De Marien Claus ass den Ancêtre vun der Famill Mergen vu Mäerzeg.
  7. Jean-Pierre Glaesener,Le Grand Duché de Luxembourg historique et pittoresque, p.161.
  8. Émile Erpelding, Die Mühlen des Luxemburger Landes, Ed. E. Borschette, 1988, p.381.
  9. François Decker, Regesten des Archivs der Herren von Bourscheid.
  10. Les Communes Luxembourgeoises et leurs receveurs, ARC 1999, p.209.
  11. Rob Deltgen. Familljebuch vun der Uertschaft a Gemeng Märtzeg, HG Gemeng Märzeg 2012.
  12. Tagebuch vum Peter Gilson 1979
  13. De Livre d'Or des victimes luxembourgeoise de la guerre de 1940-1945 (Ed. Ministère de l'Intérieur), nennt fir d'Gemeng 10 Doudesaffer Mort pour la Patrie.
  14. http://www.deltgen.com
  15. Mertzig 2000: S.129 - 131