Gemeng Péiteng
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| An anere Sproochen: |
fr: Pétange de: Petingen |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Lëtzebuerg | ||||||
| Kanton: | Esch-Uelzecht | ||||||
| Buergermeeschter: | Pierre Mellina (CSV) | ||||||
| Awunner Gemeng: | 16 313 (21.10. 2011) |
||||||
| Fläch Gemeng: | 1.193 ha | ||||||
| Koordinaten: | 49° 33' 23" N 5° 52' 37" O |
||||||
| D'Gemeng Péiteng (orange) am Kanton Esch (rout) | |||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
D'Gemeng Péiteng ass eng vun den 106 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Süd-Weste vum Land am Kanton Esch-Uelzecht.
D'Gemeng Péiteng ass haut mat senge knapps 12 km² eng vun de flächeméisseg klengste Gemengen am Land. Mat 15 749 Awunner (9. Mäerz 2010) ass et awer awunnerméisseg déi fënneftgréisst.
Den Auslännerundeel läit bei 44,66% [1].
Inhaltsverzeechnes |
Uertschaften an der Gemeng [änneren]
Geographie [änneren]
D'Gemeng Péiteng läit am Dall vun der Kuer an ass ëmgi vun de Gemenge Käerjeng (fréier Nidderkäerjeng) an Déifferdeng lëtzebuergersäits, de Gemenge Longlaville an Zounen (fr: Saulnes) op franséischer Säit an Éibeng op der belscher Säit.
Verkéier [änneren]
D'Gemeng Péiteng läit un de Linne 60 a 70 vun der Lëtzebuerger Eisebunn.
Un de Stroosseverkéier ass d'Gemeng ugeschloss duerch d'Nationalstroossen N5, N5B, N5C, N5F, N31, den CR176 an den CR111.
Soss ass d'Gemeng nach un den ëffentleche Persounentransport ugeschloss iwwer d'Buslinnen 1, 3, 13 a 14 vum TICE.
Geschicht [änneren]
1601 gouf d'Grenz tëscht Loutrengen a Lëtzebuerg festgeluecht: Péiteng huet dunn zu Lëtzebuerg, Rodange a Rolleng zu Loutrengen a Bar gehéiert. Zënter 1795 besteet d'Gemeng Péiteng a senger haiteger Form (Péiteng, Rodange a Rolleng (fr. Lamadelaine). De Bevëlkerungszouwuess am 19. Joerhonnert ass geschitt, wéi op den Héichte ronderëm Péiteng d'Minette exploitéiert ginn ass, wéi d'Rodanger Schmelz entstanen ass, a wéi d'Eisebunn gebaut gouf.
1906 gouf eng Gas-Beliichtung an de Stroosse vun der Gemeng a Betrib geholl.
1912 gouf d'Gemeng un d'interkommunalt Waassernetz an
1931 un d'elektrescht Stroumnetz ugeschloss.
Politik [änneren]
De Gemengerot vu Péiteng gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech zënter 2011 aus 17 Conseilleren zesummen.
Zesummesetzung
| Joer | ADR | CSV | DP | gréng | LSAP |
|---|---|---|---|---|---|
| 1999 | 0 | 8 | 1 | - | 6 |
| 2005 | 0 | 7 | 1 | 1 | 6 |
| 2011 | 1 | 8 | 1 | 2 | 5 |
Quell: Inneministère / RTL.lu
Buergermeeschteren [änneren]
|
|
|
Interkommunal Syndikater [änneren]
D'Gemeng Péiteng ass Member vu folgenden interkommunale Syndikater:
De Wope vun der Gemeng Péiteng [änneren]
De Wope vun der Gemeng Péiteng gouf am Gemengerot den 21. Mee 1976 ugeholl. Den Arrêté ministeriel ass vum 15. November 1976, publizéiert am Mémorial B vu 1976 op Säit 1425.
Offiziell Beschreiwung: "Coupé, en chef d'azur à deux bars adossés d'or, cantonnés de quatre croisettes recroisettées au pied fiché du même; en pointe de gueules au lion d'or; à la fasce bretessée d'argent brochant sur la partition."
Jumelagen [änneren]
Péiteng ass jumeléiert mat:
Literatur [änneren]
- De Geschichtsfuerscher aus der Gemeng Péiteng : eine Chronik aus der Dreiländerecke Petingen-Rollingen-Rodingen. Jg. 1, Nr. 1 (Jan. 2006), Péiteng: Amis de l'histoire de la commune. 24 cm, all Mount
Kuckt och [änneren]
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Péiteng

- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Gare Péiteng
- Rangéiergare Péiteng
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Péiteng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ Péiteng aktuell, Informatiounsblat vun der Gemeng Péiteng, N° 87 - Mäerz 2010
Beetebuerg | Déifferdeng | Diddeleng | Esch-Uelzecht | Fréiseng | Keel | Leideleng | Monnerech | Péiteng | Reckeng op der Mess | Réiser | Rëmeleng | Schëffleng | Suessem