Gemeng Rammerech

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Rammerech
Detailer
An anere
Sproochen:
fr: Rambrouch
de: Rambruch
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Distrikt: Dikrech
Kanton: Réiden
Buergermeeschter: Toni Rodesch (CSV)
Awunner Gemeng: 3.701
(2006)
Fläch Gemeng: 7.907,2762 [1] ha
Koordinaten: 49° 49' 48" N
05° 50' 51" O
D'Gemeng Rammerech (orange) am Kanton Réiden (rout)
D'Gemeng Rammerech (orange) am Kanton Réiden (rout)
Uertschaften - Gemengen - Stied

D'Gemeng Rammerech ass eng vun den 106 lëtzebuergesche Gemengen.

Inhaltsverzeechnes

Geographie [änneren]

Uertschaften an der Gemeng [2] [änneren]

Häff a Lieu-diten [änneren]

Geschicht [änneren]

D'Gemeng Rammerech ass entstanen duerch d' Fusioun vun de virege Gemengen Uerschdref, Bungeref, Foulscht a Pärel.

D'Fusioun gouf duerch Gesetz vum 27. Juli 1978 festgehalen. (Mémorial A 46 vum 1. August 1978). Et war eng Transitiounspériod an deem Gesetz virgesinn, déi vum 1. Januar 1979. bis den 31. Dezember 1981 gaangen ass.

An där Zäit huet de Gemengerot aus dem Buergermeeschter, 4 Schäffen, an de Gemengeréit aus den ale Gemenge bestanen. Am Fall wou ee Gemengerot sollt ewechfalen, sollt en net méi ersat ginn.
Haut besteet de Gemengerot aus 11 Gemengeréit. De Schäfferot besteet aus dem Buergermeeschter an 2 Schäffen.

De Wopen [änneren]

Busgare Um Pull zu Rammerech

D'Gemeng Rammerech krut hire Wopen de 15. Mee 1981.
Déi offiziell Beschreiwung: De sable, à la quintefeuille feuillée d’or, chapé d’or à deux losanges de sable, au chef d’azur à la perle en poire d’argent, sertie et annelée d’or, accostée de deux croisettes d’argent.

Politik [änneren]

Gemengewalen [änneren]

1993 [änneren]

  • Sektioun Uerschdref: Toni Rodesch, Paul Schaack
  • Sektioun Bungeref: Joëlle Godefroy (bestuet Strotz), Jean-Pierre Hollerich
  • Sektioun Foulscht: Joseph Claren, Jean-Claude Kerger, Nicolas Rasqué, Ferdinand Unsen
  • Sektioun Pärel: Nicolas Bolmer, Jean Kettel, Camille Leick, Alphonse Reiser, Camille Schrenger

1999 [änneren]

De Centre Culturel zu Rammerech
  • Sektioun Uerschdref: Toni Rodesch
  • Sektioun Bungeref: Joëlle Godefroy (bestuet Strotz), Jean-Pierre Hollerich
  • Sektioun Foulscht: Justin Kayser, Nicolas Rasqué, Fernand Ugen, Ferdinand Unsen
  • Sektioun Pärel: Joseph Colas, Jean Kettel, Camille Leick, John Picard, Carlo Plier, Alphonse Reiser

2005 [änneren]

Zënter 2005 as d'Gemeng Rammerech eng Proportzgemeng. Bei de Gemengewale vum 9. Oktober 2005 si folgend Leit an de Rammerecher Gemengerot gewielt ginn: Mike Bolmer (CSV), Jean-Pierre Hollerich (CSV), Jean-Paul Leick (Fräi Lëscht Gemeng Rammerech), Marcel Maack (LSAP), Carlo Plier (Fräi Lëscht Gemeng Rammerech), Nicolas Rasqué (Fräi Lëscht Gemeng Rammerech), Claude Reiter (Fräi Lëscht Gemeng Rammerech), Toni Rodesch (CSV), Paul Schaack (DP), Marie-Anne Thommes (CSV), Ferd Unsen (Fräi Lëscht Gemeng Rammerech).

2011 [änneren]

Bei de Gemengerotswale vum 8. Oktober 2011 goufe gewielt: Antoine Rodesch (CSV), Ferdinand Unsen (FL), Marcel Maack (LSAP), Nicolas Rasqué (FL), Paul Schaack (DP), Marie-Anne Thoéées (CSV), Jean-Pierre Hollerich (CSV), Tom Ansay (CSV), Jean-Paul Leick (FL), Myriam Picard ép. Meckel (LSAP), Daniel Gregorius (FL).

Interkommunal Syndikater [änneren]

D'Gemeng Rammerech ass Member vu folgenden interkommunale Syndikater:

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Rammerech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Biller [änneren]

Referenzen [änneren]

  1. D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi se an dësem Artikel stinn enspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.
  2. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.