Gemeng Reckeng op der Mess

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Reckeng op der Mess
Detailer
An anere
Sproochen:
fr: Reckange-sur-Mess
de: Reckingen/Mess
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Distrikt: Lëtzebuerg
Kanton: Esch-Uelzecht
Buergermeeschter: Carlo Muller
Awunner Gemeng: 2173
(8.12.2010)
Fläch Gemeng: 2.042 ha
Koordinaten: 49° 33' 46" N
06° 00' 28" O
D'Gemeng Reckeng op der Mess (orange) am Kanton Esch-Uelzecht (rout)
D'Gemeng Reckeng op der Mess (orange)
am Kanton Esch-Uelzecht (rout)
Uertschaften - Gemengen - Stied

D'Gemeng Reckeng op der Mess, och nach Recken op der Mess[1] oder einfach Reckeng, ass eng vun den 106 lëtzebuergesche Gemengen. Haaptuert ass d'Uertschaft Reckeng op der Mess

Inhaltsverzeechnes

Uertschaften an der Gemeng [änneren]

Geographie [änneren]

D'Gemeng Reckeng op der Mess läit am Süde vum Land am Kanton Esch-Uelzecht an huet eng Gesamtfläch vun 20,42 km2. Dovunner sinn 56,6 ha mat Bësch bedeckt. D'Mess fléisst duerch d'Uertschafte Reckeng op der Mess, Éileng a Wickreng.[2]

Demographie [änneren]

Den 8. Dezember 2010 hunn an der Gemeng 2 173 Persoune gewunnt, dovunner 1120 Fraen (51,5%) an 1053 Männer (48,5%). Déi meeschten Awunner ware Lëtzebuerger; déi gréissten auslännesch Kommunitéit hunn d'Portugise mat 105 Persounen (4,8% vun der Gesamtbevélkerung) gestallt.

532 Persounen (24,5%) ware méi jonk wéi 20 Joer an 432 Persounen (19,9%) ware méi al wéi 60 Joer.

D'Haaptuertschaft Reckeng op der Mess hat mat 825 Awunner déi meeschten Awunner an der Gemeng, virun Éileng (493 Awunner), Lampech (353 Awunner), Riedgen (333 Awunner), Pisseng (85 Awunner) a Wickreng (84 Awunner).[2]

Awunner no Nationalitéit
Rang Nationalitéit
Awunner Rang Nationalitéit
Awunner
1 LuxembourgLuxembourg Lëtzebuergesch 1712 7 United KingdomUnited Kingdom Britesch 23
2 PortugalPortugal Portugisesch 105 8 NetherlandsNetherlands Hollännesch 22
3 FranceFrance Franséisch 92 9 USAUSA Amerikanesch 14
4 ItalyItaly Italienesch 53 10 PolandPoland Polnesch 8
5 GermanyGermany Däitsch 48 Aner Nationalitéiten 53
6 BelgiumBelgium Belsch 43 Total 2173

Geschicht [änneren]

1784 hu sech d'Uertschafte Éileng, Lampech, Pisseng, Reckeng op der Mess, Riedgen a Wickreng zesummegedoen fir d'Gemeng Reckeng op der Mess ze forméieren. Vun 1823 un huet och Leideleng zur Gemeng gehéiert, éier den 1. Juli 1856 (Gesetz vum 3. Mäerz 1856) d'Sektioune Leideleng a Schléiwenhaff vun der Gemeng Reckeng ofgetrennt goufen fir eng eegestänneg Gemeng Leideleng ze forméieren.[3]

Buergermeeschteren [änneren]

Interkommunal Syndikater [änneren]

D'Gemeng Reckeng op der ass Member vu folgenden interkommunale Syndikater:

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Gemeng Reckeng op der Mess – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [änneren]