Gemeng Schengen
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| An anere Sproochen: |
fr: Schengen de: Schengen |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Gréiwemaacher | ||||||
| Kanton: | Réimech | ||||||
| Buergermeeschter: | Ben Homan | ||||||
| Awunner Gemeng: | 1.602 (2007) |
||||||
| Fläch Gemeng: | 3.142,3224 [1] ha | ||||||
| Koordinaten: | 49° 28' 13" N 6° 21' 50" O |
||||||
|
D'Gemeng Schengen (orange) am Kanton Réimech (rout) |
|||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
Schengen ass eng vun den 106 lëtzebuerger Gemengen.
Bekannt ass se virun allem fir d'Schengener Ofkommes dat do ënnerschriwwe gouf. Wéinst dëser Bekanntheet ass d'Gemeng den 3. September 2006 ëmbenannt ginn, virdrun hat se den Numm vun der Uertschaft Rëmerschen. Zum 1. Januar 2012 ass Schengen mat sengen Nopeschgemengen Wellesteen a Biermereng fusionnéiert. Den Numm vun der Gemeng ass weiderhi "Schengen".
Inhaltsverzeechnes |
Uertschaften an der Gemeng [änneren]
- Bech-Maacher (Bech-Kleinmacher)
- Biermereng (Burmerange, Bürmeringen)
- Elveng (Elvange, Elvingen)
- Éimereng (Emerange, Emeringen)
- Froumillen
- Rëmerschen (Remerschen)
- Schengen
- Schwéidsbengen (Schwebsange)
- Weidemillen
- Wellesteen (Wellenstein)
- Wëntreng (fr.:Wintrange; d.: Wintringen)
Geographie [änneren]
D'Gemeng Schengen läit am Dall vun der Musel, am Dräilännereck mat Däitschland a Frankräich.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Dräilännereck bei Schengen ![]()
Geschicht [änneren]
Archeologesch Fondsaachen aus der Bronzezäit loossen drop zréckschléissen, datt déi haiteg Uertschaft Schengen schonn deemools bewunnt war. Déi éischt schrëftlech Temoignagë stamen aus dem Joer 877.
1909 gouf déi éischt Muselbréck zu Schengen ageweit, se huet d'Pont ersat, déi zanter 1451 existéiert huet. 1939, nodeems Frankräich a Groussbritannien Däitschland de Krich erkläert haten, gouf d'Bréck zerstéiert. 1959 gouf eng nei Bréck gebaut, an eng nei Autobunnsbréck, e bësse weider nërdlech, ass zanter 2003 a Betrib.
Gemeng Rëmerschen gëtt Gemeng Schengen [änneren]
De Gemengerot vun der Gemeng Rëmerschen huet a senger Sitzung vum 18. Januar 2006 decidéiert, d'Bekanntheet vun der Uertschaft Schengen auszenotzen, an eng Ufro ze maachen, fir den Numm vun der Gemeng a "Schengen" ëmzeänneren. Dat dofir néidegt Gesetz gouf den 13. Juli 2006 an der Chamber gestëmmt an den 30. August 2006 am Mémorial Nr. A-150 verëffentlecht. Domat huet den Numm vun der Gemeng den 3. September 2006 vu Rëmerschen op Schengen gewiesselt.
Fusioun 2012 vu Schengen mat Biermereng a Wellesteen [änneren]
De 27. Januar 2010 hunn d'Gemengeréit vu Schengen, Biermereng a Wellesteen zougestëmmt, eng Prozedur an d'Weeër ze leeden, fir hir Gemengen ze fusionéieren. Den 10. Oktober 2010 hunn an engem Referendum dozou d'Majoritéit vun de Leit an deeene betraffene Gemengen enger Fusioun 2012 zougestëmmt.[2]
Den Numm vun der vergréisserter Gemeng ass, resp. bleift, "Schengen".[3]
D'Schengener Ofkommes: Firwat Schengen? [änneren]
De 14. Juni 1985 gouf um Muselschëff Marie-Astrid d'Schengener Ofkommes ënnerschriwwen, dat den 19. Juni 1990 duerch d'Schengener Konventioun ergänzt gouf, an de 26. Mäerz 1995 a Kraaft getrueden ass.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schengener Ofkommes ![]()
Schengen ass dofir erausgesicht ginn, well Lëtzebuerg 1985 d'Présidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun hat, a fir en Accord iwwert d'Ophiewe vu Grenzkontrollen en Dräilännereck vu senger Symbolik hir ganz gutt gepasst huet. Aus praktesche Grënn gouf dofir Schengen erausgesicht, well den Dräilännereck zu Rodange an enger net fotogener Industriebrooch läit, an deen zu Léiler, am Éislek ze schwéier zougänglech fir déi ganz Ministere war. Soss giff et haut vläicht weltbekannte "Rodange-" oder "Lieler-Visae" ginn...
Seng Bekanntheet krut Schengen doduerch, datt dem Duerf säin Numm op Millioune vu Visaen a Päss aus der ganzer Welt pecht. Se äussert sech an esou skurilen Detailer wéi deem, datt eng britesch Rockband "Schengen" heescht, oder datt et zu Tanger, am Marokko, e "Café Schengen" gëtt. Der Internet-Sichmaschinn Google no ginn et iwwer 6,2 Millioune Säiten, wou iwwer "Schengen" Rieds geet.
Kuckeswäertes an der Gemeng [änneren]
- D'Kochhaus
- D'Schengener Schlass
- Den Haff Réimech
- D'Naturschutzgebitt Strombierg
- Nieft dem Schlass läit e Gaart, deen Deel vum Projet Gäert ouni Grenzen ("de:Gärten ohne Grenzen") ass, an deen eng 25 Gäert am Dräilännereck ëmfaasst.
- Den Europäische Musée am "Centre européen"
Jumelagen [änneren]
Zënter 2006 ass Schengen mat der éisträichescher Gemeng Ischgl jumeléiert. D'Festivitéite ware schonns den 10. Juni 2006. Offiziell gouf de Jumelage beim Géigebesuch de 16. Dezember 2006 zu Ischgl, wou dann och d'Konventioun ënnerschriwwe gouf.
Interkommunal Syndikater [änneren]
D'Gemeng Schengen ass Member vu folgenden interkommunale Syndikater:
Literatur [änneren]
- Moes, G. & S. Müllenborn, 2007. Kulturlandschaft und Geologie der Region Schengen. Erausgi vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur. Dréckerei saint-paul, 168 S. (ze kréien am Haus vun der Natur).
Kuckt och [änneren]
- Schengener Ofkommes
- Schlass Schengen
- Naturschutzgebitt Strombierg
- Viaduc vu Schengen
- Dräilännereck bei Schengen
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Schengen

- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Lëtzebuerger Distrikter
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Schengen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi se an dësem Artikel stinn enspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.
- ↑ Zu Schengen ware 55,6% vun de Leit dofir, zu Biermereng 76,7% an zu Wellesteen hu 69,9% mat Jo gestëmmt. Vgl: "Referendum: Fir Fusioun vu Schengen, Wellesteen, Biirmereng." rtl.lu 10.10.2010, 08:40 - Fir d'lescht aktualiséiert: 10.10.2010, 17:54.
- ↑ "Aus drei mach Schengen." wort.lu 27.01.2010 15:23, aktualiséiert 27.01.2010 18:32.
Bus | Duelem | Lenneng | Munneref | Réimech | Schengen | Stadbriedemes | Waldbriedemes |