Gemeng Tandel
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Dikrech | ||||||
| Kanton: | Veianen | ||||||
| Buergermeeschter: | Ali Kaes (CSV) | ||||||
| Awunner Uertschaft: | 80 (31.12.2008) |
||||||
| Awunner Gemeng: | 1.699 (31.12.2008) |
||||||
| Fläch Gemeng: | 6.382,9923 [1] ha | ||||||
| Koordinaten: | 49° 53' 48" N 06° 10' 55" O |
||||||
| D'Gemeng Tandel (orange) am Kanton Veianen (rout) | |||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
Tandel ass vum 1. Januar 2006 un eng vun den 106 lëtzebuergesche Gemengen.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Uertschaften an der Gemeng [2]
Zu der Gemeng Tandel gehéieren nach folgend Häff a lieu-diten:
[änneren] Geschicht
D'Gemeng Tandel ass aus der Fusioun vun der Gemeng Baastenduerf, mat den Uertschafte Baastenduerf, Branebuerg, Laaschent an Tandel, an der Gemeng Furen, mat den Uertschafte Furen, Bëttel, Longsdref a Waalsdref, entstanen, déi am Gesetz vum 21. Dezember 2004, festgehale gouf an am Mémorial A-216 vum 31. Dezember 2004 verëffentlecht gouf [3].
Am Gesetz gouf festgehalen datt de Sëtz vun der neier Gemeng zu Tandel soll sinn, datt awer bis déi néideg Infrastrukture bestinn, de provisoresche Sëtz zu Furen ass. Well awer zu Furen net genuch Plaz war fir all d'Departementer vun der neier Gemeng opzehuelen, deelen Büroe sech nach déi zwee fréier Gemengenhaiser vu Baastenduerf a Furen. (Stand: Sept.2007).
[änneren] De Wopen
Beschreiwung: De gueules à l'écusson d'argent chargé d'une tour ouverte de gueules et accompagnée de trois merlettes d'argent, deux en chef et une en pointe.
Am Kader vun der Gemengfusioun gouf fir déi nei Gemeng Tandel en neie Wopen entworf. Vu véier Projeten déi d'Commission héraldique proposéiert hat, gouf de Projet N°2 zréckbehalen, an zwar vun der fréierer Gemeng Baastenduerf an der Sëtzung vum Gemengerot den 30. Juni 2005, an zu Furen an der Sëtzung vum 15. Juli 2005. Den Arrêté ministériel ass vum 5. August 2005. Duerno gouf de Wope vum neien Tandeler Gemengerot a senger éischter Sëtzung vum 29. November 2005 ugeholl.
De Wope vun der Gemeng Tandel setzt sech zesummen aus Elementer vun de Wope vun de fréiere Gemenge Baastenduerf (chargé d'une tour ouverte de gueules) a Furen (d'argent accompagné en chef de deux merlettes affrontées du même). D'Emailer sinn d'Haaptemailer vun den zwéi Wopen.
[änneren] Interkommunal Syndikater
SIDEC - SIDEN - SIGI - SYVICOL an DEA.
[änneren] Kuckt och
- Naturpark Our
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Tandel

- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Kantonen
- Lëtzebuerger Distrikter
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Tandel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
[änneren] Referenzen
- ↑ D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi se an dësem Artikel stinn enspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ http://www.legilux.public.lu/leg/a/archives/2004/0216/a216.pdf#page=2