Gemeng Walfer
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| An anere Sproochen: |
fr: Walferdange de: Walferdingen |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Lëtzebuerg | ||||||
| Kanton: | Lëtzebuerg | ||||||
| Buergermeeschter: | Guy Arendt (DP) | ||||||
| Awunner Gemeng: | 6.847 () |
||||||
| Fläch Gemeng: | 706 ha | ||||||
| Koordinaten: | 49° 39' 46" N 06° 08' 00" O |
||||||
| D'Gemeng Walfer (orange) am Kanton Lëtzebuerg (rout) | |||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
D'Gemeng Walfer ass eng vun den 106 lëtzebuergesche Gemengen. SI läit am Kanton Lëtzebuerg, an ass no der Uertschaft Walfer benannt.
Inhaltsverzeechnes |
Geographie [änneren]
D'Gemeng Walfer grenzt am Süden un d'Stad Lëtzebuerg, am Westen un d'Gemeng Koplescht an am Norden an Osten un d'Gemeng Steesel.
Uertschaften an der Gemeng:
Geschicht [änneren]
D'Gemeng Walfer gouf duerch e Gesetz vum 25. November 1850 an d'Liewe geruff, virdrun hunn d'Uertschafte vun der Gemeng Walfer zu der Gemeng Steesel gehéiert.
Am Annuaire officiel 1917 fënnt ee fir d'Gemeng Walfer 1.077 Awunner, 221 bewunnten Haiser an 239 Famillen.
Politik [änneren]
De Gemengerot vu Walfer gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 13 Conseilleren zesummen.
Zesummesetzung
| Joer | CSV | DP | gréng | LSAP |
|---|---|---|---|---|
| 1999 | 5 | 5 | - | 3 |
| 2005 | 4 | 4 | 2 | 3 |
| 2011 | 3 | 5 | 2 | 3 |
Quell: Inneministère / RTL.lu
Buergermeeschteren [änneren]
- 1967 - 1987 : Carlo Meintz
- 1988 - 1995 : Erna Hennicot-Schoepges
- 1995 - 1999 : Marcel Sauber
- 2000 - 2002 : Carlo Meintz
- zënter 2003 : Guy Arendt
De Wope vun der Gemeng [änneren]
De Gemengerot vu Walfer huet an der Sëtzung vum 11. November 1983 iwwer de Wopen ofgestëmmt an en ugeholl. Duerch arrêté ministériel vum 26. Mäerz 1984 gouf de Wopen agreéiert. (Mémorial B vun 1984 Säit 454).
Am Originaltext am Mémorial gëtt de Wopen esou beschriwwen:
« D'or au renard rampant de gueules tenant de ses pattes de devant une flèche du même posée en pal, accompagné de sept billettes aussi de gueules posées en orle aux flancs et en pointe, au chef, d'azur à la porte de trois tours ouverte d'or ».
Jumelagen [änneren]
Walfer ass zënter 1971 mat folgende Stied a Gemenge jumeléiert:
Interkommunal Syndikater [änneren]
D'Gemeng Walfer ass Member vu folgenden interkommunale Syndikater:
Kuckeswäertes [änneren]
Literatur [änneren]
- Wey, Claude, 2000. Genèse de la commune de Walferdange. In: 150 Joer Gemeng Walfer : 1851 - 2000. Walferdange : Administration communale, Vol. 2: 6-49.
Kuckt och [änneren]
- Seismologesche Laboratoire zu Walfer
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Walfer

- Walfer Bicherdeeg
- Gare Walfer
- Elterstrachen - Op der Tonn - Foussgängerbréck zu Walfer
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Lëtzebuerger Distrikter
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Walfer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Internetsäit vun der Gemeng Walfer
- D'Gesetz iwwer d'Créatioun vun der Gemeng Walfer Loi du 25 novembre 1850 qui érige une nouvelle commune sous le nom de Walferdange.
Bartreng | Hesper | Konter | Lëtzebuerg | Nidderaanwen | Sandweiler | Schëtter | Steesel | Stroossen | Walfer | Weiler-la-Tour