Gemeng Wellesteen
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| An anere Sproochen: |
fr: Wellenstein de: Wellenstein |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Gréiwemaacher | ||||||
| Kanton: | Réimech | ||||||
| Awunner Gemeng: | 1315 (2008) |
||||||
| Fläch Gemeng: | 742 ha | ||||||
| Koordinaten: | 49° 31' 28" N 6° 20' 30" O |
||||||
|
D'fréier Gemeng Wellesteen (orange) am Kanton Réimech (rout) |
|||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
D'Gemeng Wellesteen (D'Awunner vun der Gemeng soen: Welleschten) war bis Enn 2011 eng lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Réimech, ier se du mat de Gemenge Biermereng a Schengen zu der Gemeng Schengen fusionnéiert ass. D'Gemengenhaus stoung zu Bech-Maacher, hiren Numm hat se vun der Uertschaft Wellesteen.
Inhaltsverzeechnes |
Geographie [änneren]
Wellesteen war eng typesch Wënzergemeng am Museldall. Um ënneschte flaachen Deel laanscht Musel sinn tëscht de Wéngerten Uebstplatagen, meeschtens mat Äppelbeem. Am Weste vun den Uertschafte vnu der fréierer Gemeng, op den Häng stinn d'Wéngerten, an op de Koppen, op der Grenz mat de Gemengen Duelem, Munneref a Biermereng sti Bëscher.
Déi héchste Plaz an der deemoleger Gemeng ass am Kapebësch, westlech vu Wellesteen, um Tracé vun der N16 eng ronn 100 Meter vun der Gemengegrenz Wellesteen-Munneref-Biermereng, mat 292 Meter, an déi déifsten ass op der Musel mat 140,50 Meter.
Uertschaften an der fréierer Gemeng [1] [änneren]
- Bech-Maacher (Bech-Kleinmacher)
- Schwéidsbengen (Schwebsange)
- Wellesteen (Wellenstein)
Geschichtleches [änneren]
Fusioun 2012 [änneren]
De 27. Januar 2010 haten d'Gemengeréit vu Schengen, Biermereng a Wellesteen zougestëmmt, eng Prozedur an d'Weeër ze leeden, fir hir Gemengen ze fusionéieren. Den 10. Oktober 2010 hunn an engem Referenden dozou och d'Majoritéit vun de Leit an deeene betraffene Gemengen enger Fusioun 2012 zougestëmmt.[2]
Den Numm vun der vergréisserter Gemeng ass "Schengen".[3]
Tourismus a Fräizäit [änneren]
Kuckeswäertes [änneren]
- Naturschutzgebitt Kuebendällchen
- Grenzmaark vu Bech-Maacher vun 1816, eng vun den dräi eenzegen déi nach am Land bekannt sinn.
Literatur [änneren]
- Joseph Schumacher: Chronik der Gemeinde Wellenstein, der Hof und die Meierei Remich, von den Anfängen bis 1815.
Kuckt och [änneren]
- Joseph Schumacher, Éierebierger vun der Gemeng
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Wellesteen

- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Lëtzebuerger Distrikter
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Wellesteen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ Zu Schengen ware 55% vun de Leit dofir, zu Biermereng 76% an zu Wellesteen hu 69% mat Jo gestëmmt. Vgl: "Referendum: Fir Fusioun vu Schengen, Wellesteen, Biirmereng." rtl.lu 10.10.2010, 08:40 - Fir d'lescht aktualiséiert: 10.10.2010, 17:54.
- ↑ "Aus drei mach Schengen." wort.lu 27.01.2010 15:23, aktualiséiert 27.01.2010 18:32.